Jeffrey
Grünschnabel
Dabei seit: 10.01.2009
Beiträge: 3
|
|
Waat ass mat menger Foto? |
|
Moien allgeuer...
Leider kréien ech a leschter Zeit meng Fotoen refuséiert...
Ass et, well d' Motiv anschéinend net zentréiert derf sin, dass déi heite Foto net ugeholl gëtt...? Oder ass et, well eng speziell Idee an der Foto feelt?.... Oder ass meng Foto net genuch kreativ gestallt?
Daat ass et, waat ech un der Fotographie net verstin...
Et gin natierlech Regelen, wou een sech drun riichten kann,... Mee ass meng Foto lo wierklech esou schlecht? Oder derf een net aus der Reih sprangen, wann een selwer nach net zu de "groußen" Fotographen gehéiert?
Waat soot der?
Léif Gréiß
Jeffrey
D' Richtlinien, déi net gepasst hun;
An der Foto sollt eng Idee ze erkennen sinn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
Et feelt eng speziell Idee an der Foto respektiv während der Ëmsetzung. Probéier nächst Kéier virun der Foto genee ze kucke wat s de wëlls ausdrécken, an dann gëtt d'Resultat och méi flott.
Vläicht ass d'Idee einfach schwéier ze erkennen an se misst kuerz am Kommentar bei der Foto erklärt ginn
Se sollt en iwwerluechtenen Bildopbau hunn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
Et sollt ee sech Gedanken maachen wéi den Opbau vum Bild sollt sinn.
D'Motiv ass vläicht matzen an d'Mëtt gesat ginn wat net gutt ass fir de Bildopbau
D'Motiv däerf net einfach "offotograféiert" sinn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
Eng Foto déi een erop lued sollt kreativ gestalt sinn, wann een awer d'Motiv vun engem aner Fotograf ouni eegen weider nei Idee weist, dann geet dat leider net duer.
Jeffrey hat dieses Bild angehängt:
Dieser Beitrag wurde 3 mal editiert, zum letzten Mal von Jeffrey am 25.08.2011 10:21.
|
|
25.08.2011 10:19 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Also direkt fir jiddereen:
Deng Foto ass mat zwou Stëmmen net ugeholl ginn, aneg Stëmm war dofir.
Ech war ee vun deenen zwee déi Nee gesot hunn. De Grond ass fir mech: Däin Zil ass et hei eppes ze weisen wat zwar u sech wierklech interessant ass, awer mat der Konscht an Kreativitéit vun der Fotografie huet dës Foto näischt ze dinn.
Also schlecht ass deng Foto sécher net, dat géing, ech op manst, nie behaapten, se trëfft just guer net op de Prinzip wisou et Photogen iwwerhaapt gëtt
__________________ 404 - Not found
|
|
25.08.2011 11:09 |
|
|
JohnJ
Eroberer
Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 54
|
|
fir mech stellt sech eng ganz aaner Fro
huet heen den Schwanz firun der Foto ofgeworf (ann firwat dann)
oder weins der Foto ofgeworf?
Well daat wier fir mech schon een Grond se net ze weisen
Greiss
John
|
|
25.08.2011 11:46 |
|
|
Jeffrey
Grünschnabel
Dabei seit: 10.01.2009
Beiträge: 3
Themenstarter
|
|
merci Johny, vier deng Entfert...
ech sin just e bëssen enttäuscht, dass se net ugeholl gouf, well ech perséinlech se guer net esou schlecht fond hun...
Vielleicht hätt ech nach kënnen eng Rumm ronderem maachen,... Dann wär se vielleicht äeren Usprëch méi nokomm...
@JohnJ
de Schwanz huet hien virun der Foto ofgeworf, wou e gefaange gouf, vier ze kucken, em waat vier eng Aart et sech handelt.
Ech war an Südspuenien, wou mer mam spueneschen Reptilienspezialist Francisco Jiménez Casares ennerwee waren.
Mer hun Zielungen vun verschiddenen Reptilien, Amphibien, Walen an haaptsächlech Vullen gemaach. Mer wärten eng Ronn 50 Geckoen gefaangen hun, vier se duerno mat Sëcherheet kënnen ze bestëmmen. Leider ass et bei dem heiten Exemplar schiefgaangen...
Ech muss zougin, dass ech direkt zum Fotoapparat gelaaf sin...
Obwuel ech schon honnerten vu Geckoen an den Hänn gehaalen hun, konnt et ech bis zu dem Daach nach nie gesin, wéi een sein Schwanz erofgeheit.
Natierlech ass et schued, dass daat Déierchen sein "Joker" elo verspillt huet, mee ech hun mech trotzdem rieseg iwwert déi doten Foto gefreet
Léif Gréiß
Jeffrey
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Jeffrey am 25.08.2011 12:56.
|
|
25.08.2011 12:54 |
|
|
suraki
Doppel-As
Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149
|
|
fir mech ass dat heiten flaicht net déi super kënschtleresch Foto, mä et ass Schued a sprëcht net fir de Site, dat Bild hei net ze weisen, da kenne mer déi ganz Dokumentatiouns an Reportagesektioun direkt ganz ewechloossen.
Ech schreiwen dat heite bestëmmt net well ech den Knippser vun dësem Bild hei kennen, né ... mä et ass meng déifsten Iwwerzeegung dat dat Bild hei, wat net aus Sensatiounsloscht oder fir ze schokéieren, hei hätt solle gewise ginn ... et wär bestëmmt eng interessant Diskussioun opkomm !!
mä bon .... alt erëm eng Chance, verpasst
|
|
25.08.2011 15:27 |
|
|
MB-Photos
Jungspund
Dabei seit: 12.04.2008
Beiträge: 11
|
|
Foto as vieleicht Intressant am Senn vun der Dokumentation io, awer am Senn vu Konscht geheiert se bei weitem net hei ran, wann een sou Fotoen unhellt dann muss een sech Gedanken stellen firwat Photogen do as.
Ansonsten kann den Johny gleich en Dokphotogen nach opmachen.
|
|
25.08.2011 17:17 |
|
|
suraki
Doppel-As
Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149
|
|
@MB ...
MB, leider sinn ech an enger ganz schlechter Positioun vir der heirobber ze äntwerten, dofir loossen ech et einfach emol esou stoen.
dach eppes muss ech awer lass gin, déi Sach mam "Dokphotogen" ... iwwert dain Kommentar do kann ech nëmmen de Kapp rëselen , ...né u sech net, well ech hu mer esou eng Äntwert erwaart.
Ewéi wär et déi Dokumentatiouns an ReportageSektioun ganz erauszehuelen oder emzedéefen , .... à la "artistesch wäertvoll" Reportage an Dokumentatioun
Déi Sektioun ass nun emol do, de Jeffrey ka net dofir, hin huet et gutt gemengt a gehofft doriwwer eng kleng Diskussioun laszelossen.
Op allefall versti dir et engem 16 Järegen den elo knapp zwee Mengt lang Photoe mëscht, Spaass un der Saach ze maachen, ...
|
|
25.08.2011 20:05 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Haat den Jeffrey se dann an där Categorie stoen, suraki?
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
25.08.2011 20:18 |
|
|
suraki
Doppel-As
Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149
|
|
ech kann et net sécher soen, ech weess dat ech awer mat him riets hat wou se am beschten giff hipassen.
wann ech awer eng Äntwert ewéi elo vum MP kréien ...
...ewéi gesot, ech sinn an enger schlechter Positioun.!
|
|
25.08.2011 20:29 |
|
|
MB-Photos
Jungspund
Dabei seit: 12.04.2008
Beiträge: 11
|
|
Suraki, du hues vieleicht deng Meenung dozou aner Leit hun ebben hier!
|
|
25.08.2011 20:35 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Déi 2 Beräicher ginn vir mech aneneen iwwer.
Ass och zimlech egal, wann deen der net gefält, dann sich der iergend een aneren raus, et ginn tonnenweis richteg gutt Doku- an Reportagenfotografen.
Ass een just qualifizéiert dem Här ze äntweren wann engem seng Fotoen ëm och gefalen?!
__________________ Anti-Signature
|
|
25.08.2011 22:16 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
An wat huet dat mat menger Serie ze dinn? Ausser vir ze pöbelen war déi Remarque iwwerflësseg.
Ech sinn weder iwwer den Jeffrey hiergefall, nach hat ech ëm iwwerhaapt en Kommentar gemaach virun denger Remarque.
__________________ Anti-Signature
|
|
25.08.2011 23:27 |
|
|
Jean-Jos unregistriert
|
|
Also den Titel vun däerer Galerie ass fir méng Begrëffer däitlech.
A wann ech dem Jeffrey säi Kommnetar liesen, passt se ganz kloer do dranner.
A wa se nët doranner stoung, wéi hien d'Foto erop gelueden huet, hätt en Admin him dat vläicht kéinten uroden an/oder korrigéieren.
An ech sin och der Meenung, datt esou eng Rubrik nët nëmmen intressant op PG, mee och wichtég ass.
A schlussendlech hun ech mer déi Galerie ugekuckt an doranner Saache fonnt déi (ok, elo grad subjektiv gesin) wäit manner intressant waren.
Dëse Kommentar soll keng Polemik sin, mee wëll jhust eng neutral Meenung sin; ech weess awer och, datt den Admin'en hiir Aarbécht keng einfach ass, an esou eppes mol anescht interpretéiert ka gin, z.B. wann dee Kommentarvum Jeffrey nët beim upload derbäi stoung.
|
|
25.08.2011 23:37 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Also fir kloer ze stellen: Den Jeffrey hat seng Foto do net an der Doku Sektioun stoen. Fir eis gesäit dat dann esou aus wéiwann een eng Foto, déi lo näischt mat Kreativitéit ze dinn huet, awer wëll als kreativ duerstellen. Dat kënne mer natierlech esou net unhuelen, an wann een eng Foto als Dokumentatioun selwer ugesäit, dann muss ee selwer kënnen genuch Responsabilitéit iwwerhuelen se och an déi Kategorie ze setzen.
Mir sinn net esou pingelech allgemeng wat d'Kategorien ugeet, ausser déi vun der Dokumentatioun, well, wéi Dir och all verstan hutt, dat eng Zort fir sech ass.
Ech hoffen d' Situatioun e bëssen kënnen opgeklärt ze hunn
__________________ 404 - Not found
|
|
25.08.2011 23:59 |
|
|
gogo
Moderator
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 128
|
|
Salut alleguer,
Zitat: |
Original von Jeffrey
[SIZE=12]Moien allgeuer...
Leider kréien ech a leschter Zeit meng Fotoen refuséiert...
[/I] |
Du kanns der secher sin, dass daat näischt mat DIER ze din huet, mais dass mier alleguer réng nemmen d'Foto kucken/jugéiren.
Zitat: |
Original von suraki
Op allefall versti dir et engem 16 Järegen den elo knapp zwee Mengt lang Photoe mëscht, Spaass un der Saach ze maachen, ... |
Ech denken mol dass mer alleguer den Hobby förderen, fier mech gett jiddereen vun 0-99 (an driwwer) gläich behandelt.
Zitat: |
Original von Jean-Jos
... ech weess awer och, datt den Admin'en hiir Aarbécht keng einfach ass, an esou eppes mol anescht interpretéiert ka gin, z.B. wann dee Kommentarvum Jeffrey nët beim upload derbäi stoung. |
Recht hues de, et ass kéng einfach an schon guer kéng dankbar.
Ech wees net waat vun Kommentar nach derbäi stoung, mais ouni di Erklaerung an d'Kategorisatioun Doku haett se och vu mier e refus kruut.
Des Foto an d'Hannergeschicht ASS! interessant, mais dann soll een se och bessi besser verkaafen, ouni vill Kommentar / Kontext ze wessen, mescht des Foto en zimlech makaberen Androck op mech.
Mat der ganzer Erklaerung deis du lo oofgeliwwert (dass do ennert annerem een expert dobäi war, an dass daat een accident war etc..) haett se wuel méi wi gudd chancen gehaat.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von gogo am 26.08.2011 08:45.
|
|
26.08.2011 06:51 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
All weidere Kommentar deen näischt direkt mat prezis dësem Fall an dëser Foto hei ze dinn huet, gëtt geläscht. Et kann net sinn dass muench Leit mengen se missten ëmmer erëm aner Leit attackéieren.
__________________ 404 - Not found
|
|
26.08.2011 09:15 |
|
|
|