xaph32 unregistriert
|
|
dach et geet och do drëms, d'leit kréien am grousse ganzen schon nët gären op d'patten geklappt, a besonnëch nët vun engem den naischt opzeweisen huet.
et gët hei vill leit déi an den concoursen mattmaan, se gewannen oder och nët an domatt huet et sëch. mir gin dovunner aus dass déi meescht vun eis éierlëch sin. den bp ass den admin, hien passt do bëssi op an ech denken bis well huet ëmmer den richtegen gewonnen. ech wëll hei keng polizeii, ech wëll just main hobby ausüben.
et ass éischter sou dass et dir iwwerlooss ass hei mattzemaan ënner denen existenten bedingungen (an dat heescht nun mol ke polizei-staat me eng natiierlech selektioun) ouni (am beschten fall) denen aaneren dauernd op d'nerven ze goen.
|
|
25.11.2010 23:03 |
|
|
jotes
Jungspund
Dabei seit: 28.11.2009
Beiträge: 18
|
|
Zitat: |
Original von Gaga
Ech wollt och den Jony schon froen ob et net meiglech as t'Regelen, oder eichter t'Angaben fier t'Konkurer nach mei speit ze gesin, well dei aal Konkurer sin jo nach online mam ranking, wann een awer net genau wees waat den thema wor, as dat e bessen "relativ" ... wier schon interessant .
an boefff ... ob dei foto elo gemach gin as oder net ... wann se an den thema passt ! mein gott ! |
Ok Gaga, Ech ginn dir Recht.
Ech hun mech net richteg ausgedreckt.
Et sin éischter d'Conditiounen (ewéi am Beispill 3-K. Ech wosst bei der Ofstëmmung net wat déi 3 Konditiounen woren. Dofir hunn ech och net gestëmmt) dei missten bei der Ofstëmmung stoen.
Sorry fir Konfusioun.
|
|
26.11.2010 17:39 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
Themenstarter
|
|
ech mengen bei dir Tickt zwar eng beis schief.
Mengt een grad ech hätt nach keng Fotoen hei erobgesaat.
An beim Concours hun ech och schon mat gemaat.
An esou laang et Régelen gin huet een sech och dorunner ze haalen. Punkt an Fäerdeg. Waat huet daat mat Polizeistaat ze din.
An wann mir eng Welt ouni Regelen wellen liewen dann zielt daat och fir jiddfereen, an net nemmen dei Minoriteit dei mengt sie breicht sech un keng Regelen ze haalen.
An Zukunft wärt ech dann nemmen guddes bei Fotoen schreiwen dei mer gefaalen an bei dei aner naischt mei. Esou mes du daat jo och. Ass och mei einfach!
__________________ Laurent
|
|
26.11.2010 20:28 |
|
|
BerBe
Eroberer
Dabei seit: 20.02.2010
Beiträge: 68
|
|
Also elo mol 1. ass et net e bessi traureg dat een weinst esou engem Blödsinn sech hei geigenseiteg zur "Sau" mecht. Et geet hei io net em d'Qualiteit vun den Fotoen vun verschiedenen Leit, mee em d'Reegelen vum Concours! Well esou ass et keen Wonner wann keen mei bei den Konkueren mat mecht wann een muss Angst hun dat een durno mat dommen Bemierkungen uggeraf ginn(op Unbrucht oder net !)
An 2. Ass et net vielleicht meiglech eng Case zemachen wou een wei beim Roplueden vun den "Normalen Photoen" op den Site muss uklicken dat een d'Reegelen gelies an och akzeptiert hud?, well dann kann zumindest keen mei soen "ech hun d'Reegelen net gesinn"
|
|
26.11.2010 20:56 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
bofff, dann loosse mer d'regeljunkien ënner sëch
mir geet et ëm d'qualitéit vun den fotoen, ech géif der gär am concours gesin. alles aanescht ass fonction publique (zut lo hun ech mëch grat selwer beleidegt)
|
|
27.11.2010 15:02 |
|
|
BerBe
Eroberer
Dabei seit: 20.02.2010
Beiträge: 68
|
|
Ech hun hei net vun der Qualiteit vun den Fotoen am Concours geschwat!
|
|
27.11.2010 17:40 |
|
|
TomEwert
Doppel-As
Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 107
|
|
conditiounen bei der ofstemmungssait nach engkéier explizit dohinschreiwen |
|
ech perséinlech giff et och immens hellefreich fannen, wann d'conditiounen vun den jeweilegen concouren nach engkéier giffen explizit op der sait vun der ofstemmung selwer giffen stoen. ech gin an desem punkt engem vun mengen virriedner vollkommen recht. daat giff ongemeng dobai hellefen objektiv ze bestemmen an wéi fern déi verschidden competiteuren sech méi oder eben manner gudd mam thema auserneen gesat hun.
ech haat mech naemlech demols och net konnten fir eng photo vun dem 3 Konditounen concours entscheeden, well ech mech partout nemméi konnt un déi konditiounen konnt erenneren.
déi gedankenstetz waer also wierklech praktesch.
__________________ Hier sollte jetzt etwas unglaublich geistreiches stehen ... tut es aber nicht
|
|
02.12.2010 01:27 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von xaph32
bofff, dann loosse mer d'regeljunkien ënner sëch
mir geet et ëm d'qualitéit vun den fotoen, ech géif der gär am concours gesin. alles aanescht ass fonction publique (zut lo hun ech mëch grat selwer beleidegt) |
dann mach emol mat ....
also beim concours, net bei der fonction publique !
ech sin vill zevill oncreative wann ech net graat en examen ze leieren hun
|
|
02.12.2010 16:59 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
also fir mëch sin d'regelen visibel, ech hun se nach ëmmer fonnt
en plus sin et ëmmer déi selwecht:
-d'foto muss selwer gemaach sin
-d'foto muss tëschent dem an dem datum gemeet sin
-muss mam sujet ze din hun
-den auteur dief nët ze erkennen sin
hun ech eppes vergiess? ass wierklëch nët komplizéiert an zumindenst sin 3 vun denen 4 regelen sou evident dass se nët missten do stoen, an déi 3 (matt der zaitspaan) ass internationalen concours-standard
also wat diskutéire mer hei ausser formalitéiten?
|
|
09.12.2010 16:40 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
@xaph32 Ech mengen et ass méi dorëms gangen d'Beschreiwung vum Concours ugewisen ze kréien. Sou kann een sech dann nach eemol an Erënnerung ruffen wat genee den Sujet war wann een ofstëmmt.
__________________ www.gloda.net
|
|
09.12.2010 20:03 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
am fong keinnt een et jo hei am Forum ganz einfach festhaalen ...
als thread deen ganz uewen ememr sichtbar as:
Allgemengt concours-regelen :
Regelen
1. Du muss d' Foto selwer gemaach hunn;
2. Wanns du eng Foto vun enger Persoun eroplueds, dann muss dës Persoun ganz kloer dermat averstaanen sin dass déi Foto veröffentlëcht gëtt! Am Fall wou déi Persoun nach mannerjährech ass, muss den Accord vun den Elteren gi sin, dass d'Veröffentlëchung vun der Foto an der Rei ass;
3. All Member däerf 1 Foto(en) erop lueden;
4. D' Foto muss selbstverständlech eppes mam Thema vum aktuellen Konkuer ze din hun;
5. D' Foto muss an der Zäitspaan wou den Konkuer leeft, gemaach gi sinn. (Bei Zweifel mussen d' Exif-donnéen kënnen virgewise ginn);
6. D' Foto däerf keng Hiweiser drop enthalen, wen de Fotograf ass.
_________________________________________________________________________
dat t'Thema fum Concours duerno "fier emmer" ugewisen get, bei der Oofstemmung an am "Archiv", dat wert den John schon erledegt hun ... wann en Zeit haat tescht dem S3 rodage ...
|
|
11.12.2010 12:07 |
|
|
Kleent
Administrator
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 157
Herkunft: Echternach
|
|
|
22.01.2011 21:39 |
|
|
gogo
Moderator
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 128
|
|
RE: De Superjhemp an Aktioun! |
|
Meng ass lo demnächst eropgelueden :-)
|
|
23.01.2011 02:25 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Merci fir d'Erënnerung! Ech setzen d'Denkfabrik mol a Gang
__________________ www.gloda.net
|
|
23.01.2011 20:12 |
|
|
Maimonides
Tripel-As
Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189
|
|
D Responsabilitéiten leien hei, ouni Zweiwel, beim Organisateur vum Concours. Mir huelen jo lo mol fest un, dass d Proprietairen vum Personnage gefrot gi sinn.
|
|
06.02.2011 00:24 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
Bonjour,
am Numm vun den Responsabelen dann also:
ALLES waat een hai op den Site rop lued leeft op dei EEGEN Verantwortung!
daat steet sou an den Konditiounen an as Gang und Gebe am Internet!
---
sen bessi erstaunt iwert dei Haarspalterei, an dDiskussioun iwer dCopyrights an desem Fall!
ech mengen et hun sech puer (NET FILL!) KREATIV mam Thema auserneen gesaat, an dei wou hai mekkeren sen alt mol nees net dei, dei eppes geschafft hun (oder soss un der Saach bedeelegt gewiecht wieren)
Fakt as: wann mer et SOU genau mat den Copyrights huelen dierft keng eenzech fun den Fotoen fun der Gellen Fra (AN SOU WEIDER!!) hai um Site sin, daat sin alles Kreatiounen fun aneren Lait, an dei dierfen net ennert eegener Lizenz benotzt gin!
mam Superjemp as et net anecht.....an awer hun sech dLait Gedanken em den Thema gemaach an et as wuel wei "emmer" am Internet: wien well dann net schon bessi GRATIS Werbung fir seng Kreatioun?? (vlait huet jo sugur den een oder aneren sech op den Kontest hin een fun den Comics besuergt an nogekukt em waat et do sou geet??)
mengermeenung no wier dKreativiteit mat där hai dThema'en auserneen gepleckt gin besser dofir gebraucht gin selwer eppes fir den Kontest ze schaffen (!) ;p
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
06.02.2011 11:06 |
|
|
|