Hei ass eng kleng Serie mat menger Nikon FE mamm 50 1.8 Objektiv. Ech well dei Kamera mat engem Sensor dran!! Kompakt, liit, an alles drop wat ee brauch...
Ass en apparat aus den Ufank 80er
Bei de Canon-Stécker op där éischter Foto steet och de 70-200mm Schiebezoom. Deen hun ech och nach. Dat war mäi Lieblingeobjektiv an der Zäit... Nach Filmer dran!
Mais di Fotoe mat der FE sin net ze veruechten. Sou analog S7W-Fotoen hu wirkléch Charme, dee mir scho bal vergiess haten, mat deenen neien ultragudden DSLR. Mir mussen eppes ënnerhuelen, datt net di analog s/w Fotografie op eemol ganz verschwonnen ass. Et kritt ee jo scho bal néierens méi Filmer.
Ech hun och elo kiirzléch een 400Tmax a méng F70 gemaach...
Eischter die Analog S/W, dat gett et wirklech net mei sou vill, 1 Film 36 Fotoen, an d'gesäit een ereischt noom entweckelen op se eppes gin sin, do ass Digital däitlech mei bequem.
Hehe, d'Canon hun ech op engem Flouhmaart geknipst, an a propos Filmer, do kritt een nawell nach relativ vill, hun mer elo en Faarwesche Kodak Ektar100 kaaf, dee gett et ereischt 2 joer oder sou, an en Ilford FP4 125. Ech kaafen d'Filmer zu Remmeleng beim Fränz Schäffer, dee scheckt se och an däitschland, wou se nach op der Hand entweckelt gin.