Ennerbewert? Bei eis laanscht d'Strooss wuessen och Ahörnercher, vläicht keng spatz, awer fruuchtbar genuch, fir datt mir am Fréijoer honnerte Klenger tëscht den Hecken an am Gemisgaard rauszupfe kënnen, an dann iwwersi mir der nach. Aus eisen Hobichenhecke gët Joer fir Joer méi eng Mëschheck. An da soll Ahorn ënnerbewert sin? Fir méch sin et Pionéierbeem, déi no de Biirke kommen.
Hehe, jo den Spatz- an den Bierg-Ahorn verbreeden sech mat hieren Probelleren nawell zimlech staark. Den Spatz-Ahorn verdengt am Gaardebau allerdengs mei Opmierksamkeet. Et ass en Hingucker an villen Hinsiichten. Beobacht den Baam mol während der Bleih. Hei wiesselt d'Faarw vun giel op greng. Iwwert dei ganz Vegetatiounsperiod absolut gesond fier dann mat enger chic'er Hierchtfierwung oofzeschleissen sou wei op deser flotter Photo ze gesin. En Baam deen mat sengen interessanten Sorten an villen Gärt Verwendung fannen kann. Sou, dei Lanz ass gebrach.
Oder sou ee geprafftenen Acer palmatum, wéi bei eis virun der Diir, deen 1,5 Héich ass an deem séng feierrout gefiedert Blieder wéi ee Freedefeier rofhänken. am Hierscht.