Dat ass jo richteg bedrohléch. Sou richteg Apocalypse-Stëmmung. Domadder kéint ee bal mengen, du wéils den Ënnergangk, vun der Welt, wéi mir se kennen, hei undeiten, an d'biologesch Diversitéit, déi um Verschwannen ze si schingt, bildléch duerstellen mat engem Gebai, wat grad eis soll dofir sensibliséieren, datt d'Liewe villfällteg ass...
S/W ass hei ganz gudd gewielt an d'Verarbéchtung passt.
Villmols Merci fir däin ausféierlechen Kommentar. Net alles waats du beschreiws war sou gewollt mee ech gin zou et kennt sou riwer. Hei huet sech mir des Bea sou ugebueden, eng LZB mat deenen Wolleken verféiert natierlech zu enger gewessener Dramatik
Ech si begeeschtert wat's du draus gemach hues, ech si schon x-mol dolaanscht an era gaang, op d'Idi fir eng Megafoto wier ech net komm, Not macht erfinderisch, gut esou Paul
Villmols Merci, och fir den Fav.
Eigentlech geet des Foto nemmen mat 10mm Brennwäit. Méi wäit wech no hannen kann een net goen well do schon Wasser ass. Natierlech hun d'Wolleken déi demmols Mettes zimlech séier iwer den Himmel gezun sin och zur Stemmung bäigedroen.
Flott gin .. Me dei Highlights an der fenster vum Gebai ass ze stark an d'Gebai leid tescht Himmel an fenster ... Et get en net rouescht Kucken
Me wann daat esou gewollt wor dann ok