Merci fir déng béid Kommentaren, als Ufänger an der Photographie sinn ech froe fir all Feedback deen ech kréien. Ech mierken all Dag wat ech nach nët kann dofir ass et schéin wann een eng positiv Reaktioun kritt.
Ech wees net wéi den Eric dorop kennt, mee hei sinn d'Aan leider guer net scharf ginn, wat bei sou Fotoen awer denken ech mol e Muss ass. De Fokus läit hannert den Aan (quasi op der Zeck). Ech weess dass dat net einfach ass (dofir halen ech mech vun Insektefotoen ewech).
Jo déi Biester halen nët ëmmer esou gudd stall, ech wollt se awer och nët an de Frigo maachen fir dat se méi roueg gët. Ech wees dat d'Aan nët 100% scharf sinn.