Emmer rem super Jacques. Hun nach nie Stacking gemaach an verstin hei eppes net: Du mechs 185 Fotoen bei deenen d"Schärft emmer liicht aanescht ass fir dass d'Bild vun vir bis hannen total scharf ass, richteg? Wéi mecht een eng Serie vun 185 (!!!) Fotoen vun sou engem Insekt waat sech jo awer bewegt mee am Endresultat net ze gesin ass?
Jo,richteg Paul!
Et gin 2 Sorten vun Makrofotografie: "normal Makrofotografie" an "extrem Makrofotografie".
Ech machen elo seit Joeren déi "normal Makrofotografie" an versichen seit e puer Wochen och déi aaner Makrofotografie ze léieren.
Mat engem Lupen-Objektiv geseit een un engem Motiv schon méi Detailer mee et kritt een net vill Déiwenschärft! Mee an Kombinatioun vun Lupen-Objektiv an Focus-Stacking do kennt een direkt an den Bereich vun der "Extrem-Makrofotografie".
Dess "Gemeine Wespe" wou ech fotograféiert hun, hat ech fonnt wéi se schon doud war, an hun se dun preparéiert fir desen Makro kennen ze machen.
Och beim engem Insekt wou net méi liéwt kennen sech Fühler nach liicht beweegen duerch Loft oder aaner Awierkungen. Am PS oder aanerer Software gin déi Fotoen iwerterneen geluecht so wéi een och kann Panorama-Fotoen zesummensetzen. Wann een awer elo Beweegungen dran huet,geseit een dat direkt an et kann een dann zweschen deenen 2 Fotoen (wou déi Beweegung entstaan ass) Korrekuren machen. Dat hellt awer imens vill Zäit an Upsroch an et ass net esou einfach, fir dass een dat härno net méi geseit!
Et gin och speziell Programer dofir wat besser an méi genau funktionéiert wéi am PS.
Um Internet, wann een googelt kann een vill Informatiounen iwert Focus-Stacking an Extrem-Makrofotografie fannen wat ganz interressant ass. Hun och aus deenen Informatiounen geléiert wat een do brauch an wéi een dat mecht.
Hoffen ech konnt deng Fro einergermoosen beäntweren
Villmols Merci fir déi ausféierlecch Erklärungen Jacques.
Verschiddenes wosst ech schon, aaneres nach net. Den Fakt dass d'Déier doud war beentwert awer meng eigentlech Fro.
Hun awer trotzdem nach eng aaner: Wéisou léis de eng oder aaner Foto wou Bewegung dran ass net einfach raus? Géif daat bei total 185 Fotoen opfallen ?
Dat hun ech schon probéiert, mee wann ech eng Foto eraushuelen dann fehlt en Stéck an der Déiftenschärft. An deemno welcht Motiv et ass, geséit een dat gudd!
Verstin. Denken et ass sou ähnlech wéi bei den "Startrails". Do hun ech mol e puer Fotoen raus geholl mat Fliegeren déi mat hieren Luuchten gestéiert hun, mee dann sin beim Endresultat eben och d'Trails ennerbrach. Op jidfer Fall en interessant Thema.