Et ass wéi wanns du aus engem farweche Raum eraus an eng monochrom Landschaft fotograféiert häss. Wat jo eigentléch och sou richteg ass, well Lavawüste si jo "monochrom".
Ech schléisse méch dem Johny un. Et brauch een di selbstlos Schéinheet net erklären ze kënnen. Eigentléch muss een net alles am Liewen erklären. Et ass och ganz wichteg, datt een d'Liewen an d'Saachen, déi dat ausmaachen, tel quel er-lieft, ouni laang de Verstand mussen dobei ze beméien.
Bravo Oli. D'A fir Landschaftsfotografie hues du awer esou eppes vun 100 pro, also do soen ech just: Chapeau!
joh sinn zimlech outer-world-Landschaften an Island, dFaarwen sinn vun monochrom zu liichtendem Gring breed varieiert...
et war all Dag een Erliewniss sech an der Landscahft ze befannen an e beweegen, an och no 10Méint Rees war Island eng Platz vir sech, speziell an komplett anecht wei Alaska o.a.
freet mech dass se der gefällt - den "A" ass noteiert, dann muss ech lo wuel den domaine wiesslen vir den nächsten....
thanks - den "Horizont" hunn ech riichtgezunn ma dunn war net mei genuch vun der Foto iwwreg: du kucks op een GLETSCHER, den haaten se awer net riicht ugeluecht, war wuel zevill Arbecht d'Aiss sou ze beweegen deemools....