Kommentar vum Fotograf:
Dëst ass kee Montage, verschafft ass d'Foto just ganz liicht am Lightroom. Ech hat e Freide scho gemierkt dass de Mound aktuell zu enger interessanter Zäit opgeet (kuerz nom Sonnen-ënnergang), wat méi optimal bal net geet. An dass en, vun dëser Plaz, kéint genee iwwert der Stad sinn. Dofir war ech den Owend dohi kucken an hat genuch Chance fir e genee sou ze erwësche wéi ech wollt.