Ech kenne just déi Projektioun, also déi wou een den 360° Pano op ee Quadrat rendert, em 180° dréint an dann am PS mat de Coordonnées polaires de "Rondel" mécht. Gëtt et dann nach eng aaner Method, fir de v.... Mëtt do nët ze hun? Ech si ganz oppe fir Kritik, mais dann hätt ech awer och gäre wann ech gelifft een Tuyau, wéi ech ët besser maache kann. Als Enseignant probéieren ech jo och ménge Schüler nët nëmmen d'Feeler ze ënnersträichen, mais och ze soe, wou de Feeler ass, a wéi een et besser oder richteg soll maachen...
Am beschten den Hugin huelen, do däin 360° Panorama mol bastelen an dann eng stereographesch Projektioun maachen mat engem Pitch vu 90 (Google helleft do och)
Hugin hei: http://hugin.sourceforge.net/
Do as allerdgins emer en eidelen Punkt an der Mett, deens de da manuell muss rakopéieren (dofir och emer eng Foto vum Buedem maachen). Mee d`Gebaier bleiwen proportional an d`Mett leeft net sou verkackt zs (an du hues och den Himmel iwregens net mei sou verlaaf)
Kuck bei mär an der Gallerie, hu mat de Planéiten iwregens och sou ugefaang weis du.