Ech muss soen am farwechen gefällt se mier nach besser wei am s/w.
D Halteren and Facettenaan kommen am faarwegen richteg gudd eraus an den fleissenden Iwwergang vum Blaat zum Hannergrond ass einfach nemmen top .
Daat freet mech ze liesen, villmools merci icylady
Sie bleiwen net alleguer lang setzen, daat ass schon méi eng Chance
Dess Méck war am gaang hier henescht Been laanscht eneen ze reiwen an ass doduerch méi lang setzen bliwen. Noermalerweis muss een schon schnell sin fir se gudd kennen ze knipsen
Genial geroden, wéi gesot meng éicht Impressioun ass och dat se op enger grenger Glasplack setzt. Super faarweg, elo ass d'Fréijoer do wëll den Jacques schaft nees mat der Faarw
Also .. ech verstinn nët wéi een schlecht verschaften an langwéileg kadréierten Macro héi wëll Wochenfoto kann ginn. Den Schärftenverlaaf ass onréalisteg, Hoer déi nach missten scharf sinn sin onscharf an d'Iwwergäng sinn total verpixelt. Der Méck fehlt ee puer Been mais dat ass bëstemmt gewollt. An der Zäit sinn héi mega Macroën gewissen ginn zb vum G3ccko an déi sinn nie Wochenfoto ginn.
Den Niveau an der Offstëmmung woar och dëss Woch nët immens mais ët woaren awer besser Saachen dobei wéio déi héiwoaren bei weitem besser. Fir mech ass déi enzeg Conclusioun dass d'Wochenoffstëmmung lo nack méi wei an der Zäit zum Buddyvoting gët (wat een och un der Gesamtzuel vun votes gesäit).
Ech kann just soen .. nëmmen wéider esou, huet zwar näischt méi mat Photographie ze dinn mais egal .. d'Haaptsach den Ego oppëpelen ...
Schluck, ech kann der elo net soen waat ech dovunenr soll haalen well ech net dei Info hun deis du heus, mais wei schon eng Keier diskuteiert wier et dach interessant och eng Auswertung vun der Wochenofstemmug ze hun. Weivill Leit wielen iwerhaapt mat ?
Géif ech och nawell gären wessen, firwaat gett daat net méi transparent gemaach? Ech well jo net wessen wien waat gewielt huet, mee firwaat net z.B. d'Zuel vun den Voten per Foto publizéieren ? Dann wéissten d'Leit déi eng an der Oofstemmung haaten wouse drun sin, an all déi aaner géifen dann och gesin wéi no se beieneen waren....
Mee bon, Du sees et ass schon eng Kéier diskutéiert gin, ech hun daat net gesin, vleit gett et jo och Argumenter dergéint.
Ech sin eierlech mat der an muss och soen dat des Foto elo fier mech net den Hummer as.
Se huet flot Farwen an den Detail um Kapp as flott ze kucken. Daat wor et awer och schon. Kadrage am Carré an sou Zentral as och nach vertriedbar, mais dann sin mer schon um Ënn.
Beim Macro geht et jo graat drems sou vill wei meiglech Scharf ze hun, an do sin mer hei zevill Plaatzen onscharf, wei zb de Flillek.
AdG
Merci Gaga
Där kennt alleguer meng Fotoen esou schlecht machen wéi der wellt, mee ech gin mat kengem eng Diskussioun an, well daat gett eng"Neverending Story"
Nee, du kanns a solls machen waats du wells. Du hues dech 1. net selwer gewiellt, an 2tens as och all Kritik, egal vun weem se kennt, nemmen en Point de Vue. Ech verstin nie wei t'Leit sech kennen souvill draus machen, eng Mehnung as nemmen eng Mehnung. Ausserdem geet dem Schluck an och meng Kritik eichter un t'Wieller.
Ob de Schkluck fier dech eng Referenz as wees ech net, as mier och egal, mais daat waat en hei schreift huet Kapp a Schwanz .... Weinstens argumenteiert en sein Standpunkt, par rapport zu den 20 aaneren Kommentarer ...
(ech wees elo net sou richteg in wie fern ironie an denger Äntwert ze sichen as)
Salut Jacques, froen mech awer firwat dass Du Fotoen hei op PG setz wann Deng Antworten sech nemmen mat "Merci xxxx" begrenzen.
Den Site liewt jo weint den Diskusiounen, ann Reibereien weint verschidden Meenungen hei.
Ech fannen ett schued eng Mehnung wei vumm Gaga deen Maneierlech ann met Respekt sain Standpkt erklärt, hei oofzewiergen.
Brauchs mier nöt ze antworten, well och keng. Verleieren hei just emmer mei den Spaas am schreiwen ann diskuteieren, och wann ech net deen mega Photograf sinn, wees ech awer waat gudd oder schlecht ass.
Iwwert deng Foto hunn ech keng Mehnung well ech se net gekuckt hunn aus deem einfache Grond:
"Net schon erem eng Meckefoto als WF"
Ann deem Senn:Eng Schein Foto...
Hoffen Dech net roosen gemeet ze hunn, ass just Meng allgemeng Mehnung dei ech hei well lass ginn .
Schon rem eng Foto ennert enger Foto an dann och nach déi doten! Muss een lo well egaal waat hei rop lueden just fir dass DISKUTÉiERT get??
Ass et net méi an Moud hei eng Foto schéin ze fannen ??
Du hues main Respekt , Paul wells Du opt Kritiken vunn den Leid hei agees ann och matdiskuteiers. Hunn dei Foto just eropgelueden well hei zum Deel keng Fotografech Fehler mei kritiseiert ginn mee just nach scheingeschwaat gett. Ann wann een op Fehler hinweisst oofgeblockt gett. Meng Foto woer sarkastech gemengt.
Kann der nemmen recht gin Jacques! Gratuléieren awer och nach, ech haat och eng an der Wochenoofstemmung, mee Deng war besser. Ech hun zwar eng aaner gewiielt mee Du hues trotzdem verdingt gewonnen...- well d'Leit se gewielt hun.
Ma dat ass gut .. als gudden Kach hues du dat jo och nët méi neideg.
Dann kreien ech jo an Zukunft keng PN méi fir der weiderzehëllefen:
Empfänger: Jacques
Wéini: 21. November 2012 - 11:43
Sujet: RE: Beach
[Läschen] - [Weiderleeden]
Dat huet den Gaga mer béibruecht .. sou soll ët sinn .. een Hëlleft dem anneren
----------------- Al Noriicht -----------------
Wéini: 21.11.2012 - 11:42
Sujet: RE: Beach
Text: Ech wärt daat moar probéieren
Erem eng gudd Idee vun där!
----------------- Al Noriicht -----------------
Wéini: 21.11.2012 - 11:40
Sujet: RE: Beach
Text: Jo, dat sollt een Beispill sinn .. wann's de dat am original strecks k geet et villaicht ... den Deel Himmle selectionnéieren .. ctrl - t an dann Zéihen
----------------- Al Noriicht -----------------
Wéini: 21.11.2012 - 11:37
Sujet: RE: Beach
Text: Mmmm......jo geseit nach besser aus!
Muss kuken waat ech mam Himmel machen well do ass elo en Muster dran.
Merci
----------------- Al Noriicht -----------------
Wéini: 21.11.2012 - 11:14
Sujet: Beach
Text: Fehlt mer lo just nach ee bëssen un Horizont ... kuck emol héi
Ass en PN keng PN méi oder wéi lo? Waat soll daat doen dann??? Eng PN heescht PN well den "P" fir "Personal" steet. Du mechs wonnnerbar Fotoen Schluck, wirklech, mee daat doen ass einfach schlechten Stil. Och wanns Du dem Jacques mol deen een oder anneren Tip gin hues, muss hien Dech jo awer net als Referenz ugesin.
Hei nach esou een den keng Kritik verdreit, naicht Béiléiert an alles Perseinlech hëllt
P steet villéicht fir persienlech mais ech gesinn och keen S fir Secret. Dat ass halt sou wann een eppes um Internet oder soss wou schréiwt.
Eierlech gesoot ass ët mir och Poopegal dass den Jacques mech nët fir eng "Referenz" hällt .. ech hunn ët just witzeg fonnt dass ën dann grad mech freet fir gehollef ze kreien. Do steht jo lo wierkelch Näicht schlemmes dran .. oder ?
Firwat's du dech héi lo anmechs ass mer schléierhaft .. mais egal
Personal, perséinlech, ech huelen schon un dass de verstaan hues waat ech mengen. Ech bleiwen derbäi: Schlechten Stil!
DU schengs hei keng Kritik verdroen ze hun!
Dass ECH keng Krtitk verdroen stemmt net. Lies richteg. Et siew mer awer erlaabt ze géigenargumentéieren. An ze soen ech hätt näischt bäigeléiert (am fotograféieren huelen ech un) stemmt och net, kukk meng éischt Fotoen hei an kukk déi méi rezent. An, jo, sou Kommenaren wéi déi doen huelen ech perséinlech! Géifs Do och maachen.
Hei gett jo verlaangt dass diskutéiert gett, also diskutéieren ech matt, Du hues d'Foto jo och kommentéiert. Fir wien hälls Du Dech eigentlech hei, dass de mengs ech hätt manner Rechter op desem Site wéi's Du? Waat genau ass Dir schleierhaft?
Du hues et nach ëmmer nët bekäppt an dat ass den Grond firwat's du keng Kommentaren zu dengen Fotoën kriss.
Kritik verdoen un der enger Foto ass eppes annercht wéi een als Persoun ungréiffen an dat mësst du schlachmeisseg .. vun Unfank un mat dengem Baam wou den Expert bei Heise Foto sou genial fonnt huet.
Ech entweren just zrèck wann ech perséinlech ugegraff gin wéi vun dir elo, oder wann ech eppes total délacéiert fannen, wéi och bei dir mam posten vun den PN's. Ech gräifen d'Leit hei also net schlagméisseg un.Du kritiséiers Dech am Fong lo selwer hei.
Op de Rescht gees de net an wells de keng Argumenter hues.
Wisou genee w.e.g. geess de mat kengem eng Diskussioun an? Ech wëll op dëser Plaz drop opmirksam maachen dass de Site eben grad dofir gemaach ass fir ze diskutéieren. En ass op KEE FALL gemaach fir just Fotoen ropzelueden fir ze weisen wat ee sou knipse kann, mä fir Kritiken ze kréien, interessant Diskussiounen ze féieren an soumat eppes bäizeléieren.
Johny, ech gin dem Jacques zwar Recht, kuck mol déi Diskussiounen ennert menger Foto "Köln Hbf (2)", daat kritt dach keen Enn méi, irgendwann muss et och Schluss sin. Vleit huet de Jacques daat och gesin an dofir direkt geblockt, hätt ech och gemaach.
Ween net Bereed ass ze diskutéieren, soll keng Foto erop lueden.
Dem Gaga seng Kommentarer sinn wuel relativ direkt an kléngen um Ufank schlëmm wann ee se bei senger eegener Foto liest, säi Frust kënnt awer duerch dat wat och bei denger Foto diskutéiert gëtt: Jidderee seet e wéilt Kritik, a wann een der kritt gëtt se ignoréiert oder et ginn Excuse gesicht. An wann dann nach Leit derbäi sinn déi carément soen se wéilten net diskutéieren ... et deet mer Leed, mä déi sinn dann hei falsch op der Plaz. Du sos selwer "mir sinn dach hei net op facebook" - genee, well do däerf ee seng Fotoen roplueden fir Opmirksamkeet ze kréien. Mee op PG do sollen Diskussioune konstruktiv sinn, net just "oh wow flott, LIKE".
full stop.
Waat wells de dann vill méi schreiwen wann der eng Foto gefällt? Wanns de zevill schreiws mengen hei rem verschiddener du géifs schleimen, wéi's de et mechs ass et falsch anscheinend.
Also all Diskussiounen hei weisen relativ gutt dass et vill méi bei deenen Fotoen ze schreiwe gëtt wéi "oh wéi schéin" - déi puer eenzel um Site wou et wierklech soss näischt ze soen gëtt, sinn extrem rar geséint.
Mer kënnen awer och einfach d'Kommentar-funktioun ausmaachen an jiddereen einfach just seng HDR'en an Hondsfotoen ropluede loossen
Ech fannen et as un all Mensch sein Deel derzou beizedroen den Esprit vum "Diskuteieren an vuneneen leieren" erem hei eran ze kreien. Sou Äntwerten wei dem Jaques seng fannen ech einfach Respektlos an iwerhierflech.
Wann een ze gut as fier (berechtegt) Kritik unzehuelen, dann as PG net mei dei richteg Plaatz. Zumols wann ech dann ememr erem gesin dat t'Leit mol net am Stand sin den Horizont an enger Foto riicht ze kreien.
Ech gin der Recht gaga, mam riichten Horizont, allerdings nemmen wann et dann och wirklech ze gesin ass an wann et stéiert.
Wann een awer mam Linela virum Schirm setzt fir den Oofstand zu den Rasteren moosst, dann fannen ech daat iwerdriwen.
Fir mech spillt den Sujet an déi "gefillten d'Schéinheet" genau sou eng grouss Roll wéi daat technescht.
An ech mengen et gett emmer méi där Leit hei. Do misst dann awer och mol en klengt Emdenken kommen vun deenen wou vun Ufank un derbäi sin an (verständlecherweis) just nemmen Wert op d'Technik leen.
Net falsch verstoen w.e.g.: Ech sen och der Meenung dass hei op PG d'Grondlaagen vum Handwierk schon sollten beuecht gin, an dass een sech dofir och mol Kritik muss gefaalen loossen.
Ech mengen awer net dass de Jacques daat bei deser Foto net néideg huet, daat ass eben meng Meenung.
Déi zitéitéiert Makrosfotoen vum g3ccko sen och net iwerall schaarf, also ech fannen den gros vun deenen lo net besser wéi déi heien vum Jacques.
Paul, ech stemmen der zou. Ech soot jo schon, Teschnik as net alles, MAIS Teschnik as daat EENZEGT wou een no kloeren Reegelen kann beurteelen. Ech kann eben nemmen iwert teschnesch Detailer soen dat se kloer falsch sin, epes waat einfach op Gout oder Konscht baseiert kann een net als falsch bezeechnen, mais et kann een nemmen soen et gefàllt mier oder et gefàllt meir net. Bei enger kloerer Regelbriechung kann een genau soen daat do as net gut well et as schief/onscharf/verwackelt etc .... du mengs ememr ech geiff NEMMEN daat teschnescht kucken, dobai soot ech schon öfters, ech erlaaben mer nemmen bei engem teschneschen Detail ze soen daat as ganz kloer falsch, bei mengem Gout kann ech nemmen soen "daat gefällt mier net" awer net "daat muss anescht sin" ...
Änlech as et wann ech soen dat een Tip deen mat enger 6'000€ Camera kennt an dann eng zwar super scharf an Detailrecih Foto weisst, dei awer voller Bildopbaufehler as, net verdenkt huet dat all Mensch seet "wow, wei scharf an wei Detailreich" ... t'Camera mescht daat, net de Fotograf. En Bildopbau kann een mat enger Wegwerfkamera genau sou gut emsetzen wei mat enger D4. Dofier luewen ech awer keen.
As et eng Leschtung mat engem Ferrari mat 280kmh iwert t'Autobunn ze fleien ? NEE, et as awer eng Leschtung mat engem Mini hannert engem Ferrari ze bleiwen.
Ech huelen als Beispill de Schluck :
Seng Fotoen sin wierklech super. Se woren schon am Ufank gut, mais nemmen dohier dat hien och super Geschiir huet. Mat der Zeit huet een gesin wei hien sech zb an der Concertsfotografie emmer besser erangeschaft huet. Kadrage, Bildopbau, de richtegen Moment erweschen .... daat huet schlussendlech den Schrëtt gemach wou een soen kann, daat sin super Concertsfotoen .... Dei mescht User hei kreien esouepes guer net mat. Do soen ech mer, dei hun net verstaan weieen Verdengscht den Fotograf huet, an weieen nemmen teschnesch gesin vum Material heir kennt.
Wei ech der desläscht soot, wann ech t'Adriane Lima knipsen, aus der Heft ... an all Mensch seet mer, "WOW, waat eng geil Foto", mengt awer a Wierklechkeet, "Waat e scheinnt Framensch" dann as daat keng objektiv an berechtegt Kritik, mais einfach dernierft. Deen Fehler get hei einfach ze oft gemach ...
Bon Gaga .. héi schreifs de zwar och elo vun Saachen vun deenen's du näischt kenns (Konzert an Naturfotographie)
Probéier mol een Villchen am Fluch ze erwëschen mat 840 oder 1200mm Bildwénkel vun 4 Grad ... an enger Déiftenschärft vun ee puer knappen cm scharf ze erwëschen dann schwätzen mer nach eng kéier driwwer. Oder sech unn een Fuss, een Hirsch unschléichen.
Dat huet nët nëmmen mat Technik ze dinn wëll mir knippsen déi Villercher och net relax vun der Terrasse an sëtzen beim Comptoire.
Dat mat den 6000 Euro keins de jo dann och vun enger Leica schréiwen .. gëll .. an och mam Ferrari muss de nach fueren kënnen, den fiert och nët vum selwen.
Dat supert Geschir ass och nët alles, ech kennen der vill déi dat selwecht Geschir hunn an awer keng anstänneg Foto hikréien an och vill déi manner Material hunn an besser Biller machen. Den Fotograf mëcht nach ëmmer d'Foto an dat super Geschier hat ech och nët ëmmer. Et ass ganz kloer een Virdeel mais och net alles.
Den Gennaro huet och eng D X .. mëscht hien dofir sou super Biller ?
Schluck, du wees jo wei ech et mengen ... et gin dausenden Detailer dei zu enger Foto beidroen, am Prinzip well ech just soen dat oft Materialqualiteit hei als Verdengscht vum Fotograf ugehimmelt get. Daat beweist fier mech einfach dat t'Leit net kennen objektiv eng Foto bewerten. Ech mengen daat mam flotten Framensch erklärt t'Sach ganz gut. Mier haaten dei Diskusioun och schon bei exoteschen Fotoen.
An enger Kritik probeieren ech eben genau ze ennerscheeden tescht :
- den Verdengscht vum Motiv
- den Verdengscht vum Material
- den Verdengscht vum Fotograf
dei 3 Sachen kennen bewert gin :
- Motiv :
Wow waat e flott Model (wann ech direkt an engem Pareiser Studio keinnt d'Adriana Lima knippsen wieren meng Studiofotoen bestemtm besser wei zu Lenster mat engem Amateurmodel ; en Sibireschen Tiger as mei spektakulàr wei mengem Noper seng Kaatz oder e Rei aus dem Zoo vun Amneville)
- Material
Detail, Schärft, Kontrast vum Bild (wow eng Foto mat ISO6000 a se rauscht net!!!!) (wow waat een geilen Bokeh mat F1.1)(wow eng Foto aus 3km Distanz mat engem Sigma 500mm Bazooka)(lol : http://pixxel-blog.de/das-teuerste-objektiv-der-we... )
- Fotograf
WOW, geilen Bildopbau, super weis de t'Luucht agesaat hues, immensen POV, gut mam WW gespillt .....
Sou, hoffen daat as elo mol kloer erklärt WELL, ech kann NET zu engem soen :
Kuck emol en professioneltl Model firun t'Lens ze kreien oder fuer mol a Sibirien mei e scheinnt Deier knipsen
Ech kann net soen ; kaaf der mol en SIGMA Objektiv fier 1,5mio Euro dann as deng Foto besser MAIS ech kann soen, probeier en aaneren POV, probeier eng aaner Beliichtung, en aaneren Kadrage.
Et geiff heich Zeit gin mol en anstännegen Bewertungstutorial ze machen, t'Fro as ob et t'Leit interesseiert an ob se en iwerhaapt geiffen liesen.
Ech ginn der deelweis Recht just dass de einfach verschidden Saachen komplett ënnerschätz -> 500mm geet knapps duer fir een Villchen ob 5m! formatfëllent duerzestellen. An apropos Schärft .. déi muss de mol gerodden:
FF 500mm f/4
Subject distance 5 m
Depth of field
Near limit 4.99 m
Far limit 5.01 m
Total 0.02 m
In front of subject 0.01 m (50%)
Behind subject 0.01 m (50%)
also mol ob 5.6 ofblenden dann hues de 1cm weider.
Eng 5D Mark II rauscht genau sou weineg wéi eng D X
Mat dengen Kritérien fannen ech gutt mais ech mengen du iwwerbewerts einfach verschidden Saachen.
Et ass jo kloer dass d'Matérial och dozou beidréit soss géif jo keen sou Sommen ausginn, mais et ass nach laaang në alles.
Een Bewertungtutorial brauchs de mengen ech gléich nët méi, wen huet mer een Comment ginn .. ah jo deen, dann schréiwen mer dem och "Schein Foto"
Ech hunn näischt géint iergendeng Zort vu Fotoen, ech hu just eppes dergéint wann eng Veraarbechtungsmethod wéi HDR mëssbraucht gëtt, oder d'Leit mengen se missten zu hieren Hondsfotoen Kommentarer kréien wéi "oh wat e léiwen Hond". Dofir hu mer FB säit e puer Joren.
@Schluck,@Gaga,@Johny
Ech gesin dass déi Diskussioun einfach kenn Enn hellt an wärt mech dann dozou äusseren.
Waat verlangt där alleguer vu mir? Wann meng Foto esou grotten schlecht ass, wisou hues du Schluck, deen Komentar net geschriwen är se an d'Wochenofstemmung gang ass, an hues gewart bis se gewiehlt gin ass? Wann meng Foto net gewiehlt gir wär dann géif bis haut nach neischt negatives derbei stoon. An ausserdeem schreiwt den Gaga, ech zitéieren:"Ausserdem geet dem Schluck an och meng Kritik eichter un t'Wieller."
Wann deem esou ass, dann hätt een vun iech zwee sollen dohin schreiwen dass meng Foto keen Fatz wärt ass, an keen Member hätt se dann gewielt oder mer en Fav. gin op meng Foto. Ech respektéieren är Meenung, an wann dir daat esou gesitt dann ass daat ok fir mech. Ech kann leider net dofir dass meng Foto gewiellt gin ass , an et wär vielleicht net virkomm wann deen Komentar vum Schluck virun der Oofstemmung geschriwen gin wär fir d'Wieller ze beaflossen. Wann den comité der Meenung ass dass meng Foto ze schlecht ass fir se als Foto vun der Woch stoen ze lossen dann kënn der se jo läschen. E schéinen Dach nach.
Du muss net direkt sou beleidegt sinn Et ass am ganzen méi ëm d'gesamt Fähegkeet gaang vu Leit fir Kritik opzehuelen, an dass an der Wochenofstëmmung och vill Sympatie-stëmmen vergi ginn.
Mech perséinlech stéiert an dem ganzen am meeschten dass de hei sees du géifs sws net diskutéieren, well an dem Fall: wisou lueds de deng Foto rop? Fir hunneg rondrëm de Mond geschmiert ze kréien sollt een et op alle Fall net maachen.
Den Schluck huet mer bei där selwechter Foto am s/w eng Kritik geschriwen wou ech him geäntwert hun.
Bei deser Foto haat heen 5 Deech Zeit fir mer nach emool ze schreiwen dass d'Foto neischt wärt ass.(Huet heen net gemach)
Elo wou d'Leit meng Foto gewiellt hun, fällt him bemool an dass heen vergiess huet meng Foto ze kritiséieren, wat jo séin gudd recht ass. Ech hun meng Foto jo net selwer gewiellt, majo dann soll heen sech bei déi Leit beschweieren goen déi se gewiellt hun.
An Johny, op ech beleidecht sin oder net daat kanns du net beurteelen, well du wees daat net.
Den eischten Abschnitt ass jo quasi eng Widderhuelung vun dem am SW .. eben just am Gréngen. D' Kritik geet un d'Community wou ët bei der Offstemmung nët méi ëm d'Foto geet mais ëm d'Persoun .. genau sou wéi vill Léit (wéi's du och) eng Bildkritik als perséinlech obhuelen.
Ët geet héi drëmm fir beizeléieren, am beschten mateenen, een vun dem anneren an nët fir gebauchpinselt oder Hunneg ëm den Mond geschmiert ze kréien.