Kommentar vum Fotograf:
Wéi mir zu Eesbéch laanscht Bach a Richtung House getrëppelt si, koum hien elei bei eis an hie sot zu eis:
"Sin ech da keen Iesel fir méch hei mat deene Kéi do anzeloossen...!?" An ech sin iwwerzeecht, wa mir him d'Gatter opgemaach hätten, hie wier direkt raus komm fir mat eis ze goen. Well di ganzen Zäit ass hien niewent eis getrëppelt an huet eis ganz traureg gekuckt.