D'Foto bréngt bal eng Komplizitéit tëscht dem Celia an dem Äisbiir eriwwer, ganz flott och, datt am HG en zweeten Äisbiir amgang ass sech 'bäizedrécken'. Emotional, dat doten, fannen ech definitiv gutt.
eng foto dei einfach duerch t'gefill dei se weisst a get all teschnechen Fehler behierft. (ugeschnidden Tatz, keen rietsen Arm um Meedchen, Kadrage an grausam onpassent Signatur (adg, sry) an zuläscht t'Farwen)
Mais trotzdem geiff ech mengen dat wann een sech e bessen Zeit hellt des "Ongereimtheeten" e bessen an de Greff ze kreien, nach eng 1000x mei fesselnd Foto draus ze machen wier. (z.b.: sch/w - cadrage am carré, den 2ten Bier dreit naischt zur Stemmung bei, an ouni hien get t'Foto nach mei Intim denken ech.
Sorry... den rietsen Aarm ass net ugeschnidden ginn !!
Fir... Signature ass eng affaire de gout !!
Sorry.. mä deen mengt deen weess näischt... dass een Sprach Wuert !!
Zum zweeten Bier, do kann ech der rächt ginn, do gifft Stëmmung méi Intim ginn, zwëschen Celia an den Bier......
Also.... d'Analyse ass net schlecht vun der... ech giff gären emol eng Foto vun der gesinn,well an dengem Profil ass guer näischt ze gesinn, an dat fannen ech schuert.....an mengen Aen, ass dat egoistesch.
Dafty...Ech giff gären, och eng Foto vun der Analyséieren !!!
Also ", keen rietsen Arm um Meedchen, " do steht naischt vun ugeschnidden....
"Mengen" as an desem Kontext en "Aus menger Siicht an no mengem Goût" ech wees waat ech net gut fannen an waat mer gefällt, mais vue que dat daat net dei gellen Regel as , waat ech denken, drecken ech et esou aus .... ech mengen du hues daat schon verstaanen. nedu
Deng Signatur as absolut onpassend ... daat MENGEN ech net emol, daat gin ech der schwarz op weiss... se lenkt oof.
Les goût et les couleurs, ne se discutent pas... et ginn Leit déi dat gutt fannen, an aneren net, dat ass esou...
Zu da Signature.... ginn ech der schon rächt, déi lenkt of... richteg, mä dat gefält mer... ech kennen fill Fotographen, déi nach méi grouss den Logo maachen.
Veloben... ech muss dir soen dass dësen shooting guer net esou einfach war, ech hat ganz vill Schwieregkeeten meng Ideeën duerch ze féieren... ech hat esou vill Leit virun mer an och Kanner... no enger Zäit, hunn ech mech duerch gesat, Celia, hat sech an senger Positioun gesat, an hunn missten einfach ob den richtegen Moment waarden....
Dass net méiglech, awer... ech hunn mir och Zäit geholl fir mir déi show ze analyséieren, éier ech mam schooting ugefaangen hunn, ech hunn nëmmen ob den richtegen Moment gewaart, well dat geet esou schnell mat déi zwee Äisbieren...
wéi kann een esoueng Foto, an domadden mengen ech eng Foto déi niemols matt poséierten Fotoen verglaichbar ass, matt Kritiken wéi "ugeschnidden Tatz, keen rietsen Arm um Meedchen, den 2ten Bier dreit naischt zur Stemmung bei" kommentéieren?
daat ass mir een Rätsel .....
Dafty, wanns du een Bier kenns deen esou poséieren kann, an daat och am Waasser, ma dann stell deen den Medien vir an gëff säin Manager, well dann waerts du d'Krise sëcher nie kennenléieren.
déi Foto hei waer 1/100stel Sekonn virdrun an 1/100stel Sekonn duerno iwerhaapt nie entstaanen (Haltung vum Kapp vum Bier, seng Aan zou, d'Haltung vun sengen Ärm etc etc etc ...) also vun dohier ... please, keng Äppel matt Bieren (hahhaaaa deen war elo wierklech ganz spontan entstaanen ) vergläichen (wëllen)/mengen vergläichen ze kënnen
waat d'Signatur ungeet, doriwer kann een effektiv diskutéieren, an dann nach, wéis du ët och selwer schreiws, ass daat ëmmer adg
dann d'Faarwen --> ??? ... waat ass dann do waat nët geet ?
mee daat ass jo dann och erëm adg géing ech soen ... dovunner oofgesin, dass den shooting, mengen ech, déi Foto hei nët am viraus geplangt huet, oder op mannst nët esouwäit/nët op déi Moos geplangt huet
an wann och ... ween geet esouwäit fir ze soen: "Célia, honey, dann do elo wegl een pinken (zB) T-shirt un, well deen passt besser bei den wäissen Bier an bei d'Waaserfaarw an deem hien dann schwëmmt wann hien bis akzeptéiert huet fir ons ze poséieren"
Graat vun Dier Maimonides, onverständlecherweis, well du häss dei Foto bestemtm net esou gewisen. An fier eben esou en Gefill an enger Foto ze betounen weis du et oft mechs, daat as dei grouss erausfuerderung un der Foto. Wanns de dem Auteur hei en "Schein Foto" zousprechs, dann bass de net eierlech, oder probeiers der t'Konkurenz vum Leif ze haalen
PS: Ech huelen keen Maalox, mais ech sin an engem Alter wou een iwer esou epes kann Diskuteieren. Also wegl., dierf ech meng Mehnung hun ?
Déi do Foto, Dafty,
hätt ech direkt gewisen.
Ech mengen net dass ech
esou eng interessant
a menger Galerie hun.
D' Konkurenz, Dafty,
ass mir esou Eppes vun Egal,
wat mech perséinlech ubelaangt,
dass ech ëmmer just hoffen kann
besser Fotoën wéi meng kënnen ze kucken.
Ech fannen et flott dass du deng Meenung gesoot hues. Ech fannen et och flott dass d'JADE seng gesoot huet. An déi kleng Diskussioun hei mecht PG spannend.
perséinlech? daat verstin ech elo nët, mee daat ass nët schlëmm
ech sin nët rosen, mee éischter entsaat an rëselen den Kapp
mäin (natierlech nët lieserlechen) Toun ass calme, dach, dach, gleew mir ët ...
trotzdem fannen ech daat eng ganz gutt Idee d'Roserei ze fotograféieren
t'Fro un menger Plaatz as hei,
wei kann een engem Epes erklären, wann deen net am Stand as en Text richteg ze liesen ... nun, villeicht probeieren ech et esou : eng foto dei einfach duerch t'gefill dei se weisst a get, all teschnechen Fehler behierft.
ech wollt dommader soen (waat een eben bei all gudder Streetfoto kann soen) dat all dei Fehler dei ech do nennen, an bei engem Portrait aus dem Studio wichteg sin, dat dei hei keng Roll spillen. Eben genau daat waats de selwer denks. Daat as jo awer kloer wann een den Text liest, oder net?
Ech hun och nie gesoot t'Foto wier net gut, ech hun just gesoot dat een ganz einfach hätt kennen nach e bessen mei draus machen. Sou ewei t'Foto elo hei as, fier et kleor ze soen, dat och keen et falsch versteht, mais dofier e bessen mei deitlech : hei as en saugut Motif duerch den falschen Traitement net eierbar duergestallt gin.
Deng Argumentatioun fannen ech e bessen Kannerech, ech wees och wei esou eng Foto entsteht, keng Angscht ...
Mais wann ech esou eng Liischtsituatioun hun, probeieren ech daat ze ennerdrecken resp en Geigenpol dozou ze fannen, desaturatioun, colorkey, eng fierwung (sepia zb) an an an ... et gin vill teschnech Mettel esou een Scheinheetsfehler ze behierwen. Ugeschnidden Sachen kennen mat enger Vignette verstopt gin....an an an (et as adg weieng een hellt, oder och ob een se benotzt)
Genau daat sin dei vill Meiglechkeeten, dei een huet en gut Bild ze "gestallten", souwei wärend, wei och no der Opnahm. Ech wollt dem Auteur hei nemmen soen dat en, wann en dorunner interesseiert as, sech nach eng Keier eng Stonn soll dohinenrsetzen an mol e bessen ze probeieren.
stëmmt, effektiv bei der Re-Re-Lektüre vun dengem 1. Comment hun ech elo och besser erausgelies, dass du eng Verbesserung am postprocessing proposéiers
an ech froen dann och ëm Ëntschëllegung dass ech daat nët direkt richteg erausgelies hun
trotzdem, perséinlech fannen ech daat nët néideg well ech bei dëser Foto déi "Ongereimtheeten" déis du opziels nët als solch gesin
un den Faarwen gesin ech éierlech nët waat stéiert (daat kann awer een mir erklären, well ech mengen ech hun do nët ëmmer den richtegen Bléck fir esou Saachen)
den 2. Bier stéiert mech perséinlech och nët
wéis du gesäis sin ech zimmlech vill beim " perséinlech", esou wéi du och ... an daat ass jo dann näischt méi wéi eng adg's Situatioun
daat waats du proposéiers ass bestëmmt och nët ze verwerfen, ët ergëtt eben just eng ganz aaner Foto ...
villäicht och eng ganz aaner wéi den Fotograf se wollt, waat erëm nët heescht, dass ët nët auszeprobéieren ass
eng lescht Bemierkung ass fir mech (an fir dech jo och, wann ech däin 1. Satz richteg verstin): wann d'Foto gefillsméisseg daat bewierkt waat se bewierken sollt, dann brauch een och am Prinzip nët nach vill drun "fummelen" ze goen (fir dass se zB den soit disant klasseschen "Reegelen" entsprëcht) ... fannen ech emol
eben, merci dats de der t'Mei gemach hues.
Ech hun villeicht net genuch ennerstrach dat ech och t'Motif mega schein fannen.
An graat dofier as se et eben wert, e bessen opgetackelt ze gin.
Wei den Auteur et well machen as him iwerloss... mais hei gesait et eben nach ganz "rei" aus.
Ech well hei kengem seng Abescht ausserneen huelen, ech well deenen Leit hellefen, dei an mengen Aan epes iwersinn hun, oder evtl. falsch gemach hun (ech denken "falsch" get et net an der Fotografie). En Aan ze hun fier aus enger Foto en Bild ze machen as Erfahrung, an schweier, oder guer net ze vermettelen. Mais et kann een awer engem Auteur soen, weien Bildelement eng Wierkung huet an senger Foto. Loossen mer sou soen, t'Leit weisen op den Hiewel, an hien kuckt wei en dommader steiert.
Och wann een eng Foto gut fennt, kann een soen fierwaat een se gut fennt, heiernsdo sin et nemmen kleng Detailer, dei machen dat eng Foto sech eraushierft aus der Mass.
wei gesoot Foto weisst Gefill vun beiden Seiten, daat as kloer.
Mee weiste schons gesoot hues, war de greisten Deel Warden, biste eben dein Deier sou kruus weiste eis hei weis. Vum techneschen hier gesin neischt groussarteges. Dengem Meedchen gessot wei et sech stellen soll an eben geward bis keng Drettpersoun drop war, an bis Deieren geschwomm komm sin. cadrage, Farwen, Logo etc gin ech net weider drop an, daat as alles AFG.
Daat dooten hat ech och schons probeiert/gema, mat Delphinen, plus-minus gewousst wouse eraus gesprong koumen, d'Model stoung och ob enger gudder Plaatz, mee eben leider ze vill Drettpersounen ...
Verstehste ongefeier waat ech soen well, huel daat elo net schlecht ob
Mee as eben mein point de vue
Ah jo, am allgemengen kann ech heizou nach en "Tip" gin,
wann een sech beim Fotographeieren unwinnt, emmer nach e bessen mei Rand ze loossen, da as een oft Frou nach eng "Reserve" beim Kadreieren ze hun. Freier as daat schon duercht t'Rummen vun den Fotoen gemach gin.