Ganz flott Hierschtstëmmung! Och Vivaldi ass e gudde Choix!
D'Iddi vir zu de Biller Musek ze verbannen, ass immens gutt. Dann huet een en opteschen an en akustesche Genoss!
Well ech och elo e bëssen an dem Genre experimentéieren, géif et mech interesséieren, wéi di heite Foto zustane komm ass. Merci!
merci jorsch
fir dësen Effekt brauchs Du just eng normal foto
am pse duplizéiren ech dann d'Ebene
ech huelen bei de Filteren Weichzeichnungsfilter an do d'Bewegungsunschärfe
An dësem Fall hun ech 90 Grad, also vertikal gewielt
Wéi staark een d'Onschërft wellt, kann een da wielen
Duerno huelen ech bei den Tools de Gummi mat enger Deckkraft vun 33%
Da wescht een einfach iwwwert di Plaatzen wou een rem wellt mi schaarf.Bei 33% muss en also 3mol driwwer fueren, fir rem op d'Originalschärft ze kommen
Ebene auf Hintergrundebene reduzieren
Thats it
hei nach eng déi sou beaarbecht ass Späicherwësch
Mat dëser Methode kann ee also genau steieren, wéi vill Schäerft déi verschidde Plazen am Bild kréien. Dat kënnt op der Späicherstadt-Foto gutt zur Geltung. De Wëscheffekt an de vertikale Linnen an déi monochrom brong Stëmmung gefale mir och extra gutt!