Yes I agree. Ech hat nodréiglech probéiert Stären dran ze maachen, mä dat war mer herno awer zevill iwwerdriwwen kitscheg. Mam ganzen Tour dat ass näischt ginn, den Iso war schonn op 100, d' Blend wollt ech net nach vill méi zou maachen an méi wéi 2 sec beliicht dann war riets alles zevill ausgefriess, d' Luuchten etc. E bëssen méi wier sécherlech nach gaang, mee dat Déngen dréint guer net esou séier. Du hues awer eigentlech Recht
Fir mech, Johny, mecht deen eidelen schwarzen Eck, uewe riets, de Charme vun denger Foto aus. Net well do naischt dran ass, mais well en de Raemmidaemmi ronderem ennerstraicht. Op dengem Bild ass esou vill lass dass Alles, wat nach derbai geif kommen, ze vill waer.
Meng (net klassesch) Felicitatiounen.
Virun allem d'Muster wat den Airmaxx hei mécht ass Excellent! Du hues extrem vill Fouer op enkstem Raum gesammelt an domat och d'Essenz vun dem Chaos richteg gutt zu Virschäin bruecht.
Sinn mat allem d' accord mais lenks geif ech e bessi riicht zeihen an esou liicht kierzen. Esou verschwend e bessi chaos an Den airmaxx ass nach mei present. Also esou haett ech dei gemeet mais bon ....
Yes ech weess genee wat s de mengs, do war ech mer selwer net sécher ob ech et sollt maachen oder net an hunn et dunn herno awer si gelooss (wéi ee gesäit).
Congrats och vun mir, war och eng vun mengen Top-3. Stellt d'Fouer richteg flott duer, esou wéi se ass, faarweg an dynamesch, et fehlt just nach den Geroch.