wiirklech flott verschaaft..mir gefaalen dei duester Faarwen heiimmens gudd.. aawer rondrem den ierchtuern gesin ech sou een donklen Reef wou ech net zouuerdne kann, vlait ass mein schierm hei aawer och einfach zevill hell ech wees et net.. ausserdem mengen ech dats de lenks am Bild een douce Flare dran hues...vum Cadrage hier fannen ech se flott mee ech froe mech op et net besser gewierscht wier de Bateau mouche ganz mat dropzehuelen an dofier da bessi manner Himmel dropze hun .. ech wees natierlech net weis du stoungs an ob daat meiglech gewierscht wier
am allgemengen wiirklceh eng immens flott Foto
Dach ech gin der recht an punkto Flare, den steiert mech och....ech hun den och probeiert ewech ze kreien, allerdengs war d'Resultat furchtbar. Waat den Bateau Mouche unbelaangt, sou hues de deels recht an deels onrecht. Do luech een Scheff um aaneren, an daat eischt haat eng wirklech ellen Beliichtung an hätt gesteiert. Mee du hues schon recht anns de sees, dat en ganz soll drop sin. Wou's de deen donlen Reef gesais wees ech elo allerdengs net?
Ech mengen, d'Spako mengt den Himmel direkt ronderem den lenksen Tuerm. Den ass eng Grimmel méi däischter ewéi den Rescht. Dat kinnt sin, datts de do mat der Maus e bessi méi onpräzis geschafft hues. Allerdengs stéiert dat u sech net, wir mer mol net opgefall wann d'Spako näischt gesot haett.
ech mengen deen donkle Reef leit u mengem helle Schierm... ech gesin e vill rondrem de mettelsten Deel vum Tuerm... mee wei gesoot mei Schierm ass net kalibreiert ...
(maache kee reply well ech soss nees haenkebleiwen )
ech mengen mir stungen op der selweschter breck oder? Notre Dame de Paris
bessen aner faarwen wei meng awer och ganz flott.
op der plaaz ass een zimlech groussen scheff-verkeier, huet dech daat net genervt?
firwaat hues du net op der plaaz selwer 5 fotoen machen mat ennerschiedlecher beliechtung gemach? haas du fraa dobei dei net soulang wollt warden, sou geet et mir nämlech emmer
Salut Alain
Ech menegen ganz, dat et dei selwecht Plaatz wor, just eben net mei zur bloer Stonn. Effektiv wor decken Betrieb ob der Seine...ech haat allerdengs do en Moment awecht wou et mei roueg wor. Meng Fra wor allerdengs dobai an et wor em och kaal...eigentlech naischt neies, mee daat wor net den Grond fir den RAW. Den Grond fir den RAW ass eigentlech den, dat ech praktech dei selwecht Resultater hun wann ech en RAW maan wei wann ech eng Serei mat ennerscheedlechen Beliichtungen maan, enplus spuert et d'Zait, dei een herno mei huet wann der Fraa hier Feiss an Hänn wirklech kaal sin, an d'Laun fällt
de probleme mat der fraa kent mir bekannt vir.
ech haat un sech gemengt fir 5 RAWen ze machen, woubei ech awer nach nie gekuckt hun op daat een groussen enerscheed get zu dengem system.