Merci Zora . Jo, elo am Summer haat ech e pur Destinatiounen an Amerika gemaach, dat war eenzegarteg.
Ech haat wirklech Gleck dass ech dohinner komm sin.
Niagara Fälle sin owes sou beliicht , richteg faarweg
Schéin Foto Sylvie...an deen "flou" huet och sein Charme....ass mol eppes anescht
war daat doten op der Ami-säit ? wann jo, wars du och eriwer bei D'Canadier ?
Dach, esou baal et duster gett (menmgen ab 19.00), gin se belicht an zwar mat verschidenen Spoten...( - all 5 minuten eng anner Faarw...)
Ass flott, mais den Weekend kritt een baal keng Platz----dann stin se baal all mat Stativ do fir Fotoen ze machen
Dat do hun ech och schon erliewt, flott erwëscht
Lo muss ech awer éierlech zougin, dass ech dee Spektakel e bessi kitscheg fonnt hun.
Si wiesselen jo dann och nach d'Faarwen, fir mech perséinlech war et am schéinsten just mam wäissen Spot