Eng schwéier Entscheedung
(27.07.2016 - 19:33)
D’Neiegkeeten gi fir gewéinlech offiziell vum ganze Club geschriwwen, haut awer maachen ech dat a mengem eegenen Numm an als President vu Photogen.
Viru méi wéi 10 Joer hunn ech, deemools zesummen mam Yannick a Lydie, dëse Projet an d’Liewe geruff. Vill Zäit ass vergaang, et ass extrem vill geschitt an deenen bal 11 Joer, mee haut ass d’Zäit fir mech komm fir, leider, Äddi ze soen. Ech maachen dëst aus perséinleche Grënn, vu dass ech an der lescht net déi Zäit konnt a Photogen investéieren déi ech hätt missen, et gesäit och leider net aus wéi wann dat kéint besser ginn an Zukunft.
Mir huet alles, wat mer esou zesummen erlieft hunn, immens Spaass gemaach, an et huet mech virun allem ëmmer gefreet ze gesinn wéi vill Leit, mat konstruktiver Kritik, hier Resultater no an no verbessere konnten (wat iwwregens och fir mech selwer gëllt). Dat alleng war jorelaang meng Motivatioun fir ëmmer weider ze maachen. D’Motivatioun ass och elo eigentlech net verschwonn, mee dat hëlleft engem näischt wann een net déi néideg Zäit huet fir dat ëmzesetzen wat ee wéilt.
Ech sinn der Meenung, dass Photogen en aktive President brauch, dee genuch Zäit huet fir de Club ze geréieren, an dat sinn ech an der lescht eben net méi gewiescht.
Ech hunn de Comité ëm Erlaabnis gefrot dësen Text esou hei kënnen ze verëffentlechen, well ech fannen, dass dir méi verdéngt hutt vu mir wéi just gesot ze kréien, dass ech demissionéiert hätt.
Als lescht soen ech iech alleguer nach eng Kéier villmools Merci fir alles!
Mir gesinn eis dobaussen, mat Rucksak a Stativ.
Johny Goerend

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
Miau
27.07.2016 - 20:34
Merci Johny fir all Dein Engagement bei Photogen, weiderhin all Guddes a vill Freed mat der Fotografie
No_Saint
27.07.2016 - 22:24
Merci Johny fir dain onermiddlechen Asaatz am Dingscht vun dengem, an eisem Hobby der Photographie.
Mir gesinn eis dobaussen oder am Cactus
Mir gesinn eis dobaussen oder am Cactus
jps
28.07.2016 - 10:34
Merci Johny fir dein Asaatz a weiderhin vill Freed un der Fotografie, mat manner administrativem Stress.
Jean-Marie
28.07.2016 - 18:17
Respekt fir dein Engagement. Ech denken et get net einfach dein Posten ze ersetzen mee esou Decisiounen mussen halt getraff gin wann et un der Zeit ass. Alles Guddes an nach emol merci fir dei vill Arbecht deis du hei geleescht hues.
arwa
29.07.2016 - 07:26
en décke MERCI, Johny, fir ALLES !!
Dir alles Guddes a weiderhin vill Spaass mat der Photographie.
Dir alles Guddes a weiderhin vill Spaass mat der Photographie.
Jean-Jos
29.07.2016 - 23:05
Thx so much Johny , ouni PG (an den kola dee mech 2006 op PG bruecht huet), hätt ech sécher ni esou en Enthusiasmus fir d'Fotografie entwéckele kënnen. Dir wënschen weiderhin vill Freed mat eisem gemeinsamen Hobby an ech hoffen, datt mir eis och do munnechmol erëm gesin!
Léif Gréiss, Jean-Paul
Léif Gréiss, Jean-Paul
Prometheus
30.07.2016 - 01:22
Merci fir deng Hëllefsstellungen an den vergaangenen Joren an dass ech meng Léift fir Fotografie ënnert anerem duerch Photogen erëm fonnt hunn.
Sláinte.
Sláinte.
Maimonides
30.07.2016 - 22:31
Du bleiws jo awer nach
Proprietär vum Site, Johny:
du léis lo géréieren !
Ech soën dir Merci fir d'Iddi,
fir di vill Arbicht, a wënschen dir
eng nei interessant Approche
zum Knipsen/
Fotograféieren/
Billermaachen/
Billerweisen/
etc.
Proprietär vum Site, Johny:
du léis lo géréieren !
Ech soën dir Merci fir d'Iddi,
fir di vill Arbicht, a wënschen dir
eng nei interessant Approche
zum Knipsen/
Fotograféieren/
Billermaachen/
Billerweisen/
etc.
Johny
31.07.2016 - 16:34
Nee de Site gehéiert och scho laang dem Club. Ech bleiwe just accessibel fir technesch Saachen a Froen déi keen aneren kéint maachen.
jorsch
31.07.2016 - 11:36
Dank Photogen sinn ech vun engem Geleegenheetsknipser zu engem begeeschterten Amateurfotograf ginn. Ouni d'Rotschléi, d'Kommentaren, d'Ureegungen, d'Kritiken vun den aneren User hei um Site wier dat net passéiert!
Dofir Dir ( an dem ganze Comité ) fir hir Aarbecht Villmools Merci gesot!
Dofir Dir ( an dem ganze Comité ) fir hir Aarbecht Villmools Merci gesot!
gtaddei1
31.07.2016 - 14:14
Ech fannen dass du Courage hues... Et ass net einfach sein Kannt goen ze loossen an hoffen dass et enges Daages vun aner Méschteren opgeholl get fir dass hien am "Liewen " weider kennt... Des Metaphore ass och gültich, mool och an desem Fall.
Ech soen dir Merci, fir des flott Aventür... ech sin op Facebook geland well et einfach dobai onhémlech gin ass, während deems sin hai op PG probeiert hun emmer Aktiv ze sin... an daat danks dengem Flotten Projet ---
Pas op dech op an bis geschwenn!
Gennaro Taddei

Nicon07
31.07.2016 - 20:04
Merci, Johny. Ouni déng Iddi fir ee lëtzebuergesche Site fir Fotografie ze schaafen, wier ech wahrscheinléch ni mat ménge Fotoen un d'Öffentléch geet gaangen. Ech sin awer iwwerzeecht, datt mir alleguerten däi "Vermächtnis" weider um Liewen halen. Realiséier elo dég nei Liewensprojetën a bleif eis erhaale mat déngen exzeptionelle Fotoen.
Hoffentléch gesi mir eis am richtege Liewen neess mol eng Kéier!
Nico
Hoffentléch gesi mir eis am richtege Liewen neess mol eng Kéier!
Nico
Dynax
02.08.2016 - 18:05
Merci fir Photogen.lu, dein Asaatz, a bonne Chance fir weider Projekter an der Zukunft.
Gaga
17.08.2016 - 09:01
Merci Johny,
Wats du hei opgebaut hues as immens,an du kanns richteg stolz dorobber sinn. Zumols hei am klengen Lëtzebuerg eou eng Communiteit opzebauen as eng richteg grouss Leeschtung. An ech kann mer gut fierstellen wei schweier dir des Décisioun gefall ass.Ech hoffen dir fannt een gudden Remplacant deen genau esou mat Härz a Sëil derbai ass weis du.
Greets

Jaycee
21.08.2016 - 14:51
Och wann ech déi lescht Zäit nët méi esou oft hei sin, wéi demols virun 10 Joer, wéi ech dé Site hei entdeckt hun, sou bedaueren ech trotzdem dass eng personne phare sech zerëck zit.
Johny, ech soen der merci fir déi vill schéin an interessant Stonnen, déi ech dank dir an dengen Matstreider hei verbrenge konnt. Ouni Photogen hätt ech och verschidde sympathesch Leit nie kenne geléiert!
An dem Sënn, maach ët gudd, keep tight and take care.
J.C.

mischii
23.08.2016 - 00:01
Merci , dass et dëse Site gëtt, Merci fir deng Motivatioun an däin Asaatz,
ech hoffen all Fotogecken kënnen nach hei weiderfueren
LG Michèle
ech hoffen all Fotogecken kënnen nach hei weiderfueren
LG Michèle
suraki
17.11.2016 - 14:22
Vir fill Leit war an ass Photogen eng flott Plattform fir e gemeinsamt Hobby ze liewen, hier Saachen ze weisen an ze diskutéieren. Ech dinn den Hutt of fir all déi Aarbecht déis de hei geleescht hues Johny.
Alles Guddes an weider vill Freed mat der Fotografie ... du hues jo elo méi Zäit derfir
Alles Guddes an weider vill Freed mat der Fotografie ... du hues jo elo méi Zäit derfir