Testphase ouni Aktivéirung
(28.08.2012 - 20:26)
An der läschter Comité Sitzung ass entscheed ginn dass mir géifen eng Testphase maachen wou mir ouni den Aktivéirungssystem schaffen. Während dëser Phase kann also jidfereen seng Fotoen eroplueden, an se kommen direkt an d'Galerie ouni mussen aktivéiert ze ginn.
D'Limit fir pro 20 Stonnen just 2 Fotoen kënnen eropzelueden bleift bestoen.
Säit dem 27. August si fir jiddereen, wéi schon virun enger Woch ugekënnegt, d'Konditiounen an Bedingungen aktiv. Dës si virun allem ze respektéieren wann et ëm d'Eropluede vu Fotoen geet, mussen och do nach eng Kéier akzeptéiert ginn.
Sollt een mierken dass eng Foto géint dës Bedingunge verstéisst, soll een sech w.e.g. direkt un eis wenden per E-Mail op info@photogen.lu
Mir hun dëst gemaach nodeem mir op vill Leit gelauschtert hunn déi dëst esou wollten, an wëllen op manst ausprobéieren wéi de Site an dem Fall leeft. Mir hoffen dass dëst net zevill mëssbraucht gëtt, an wënschen Iech ganz vill Spaass beim Eroplueden an Kommentéieren.
D'Testphas dauert 3 Méint.

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
MarcGerard
28.08.2012 - 20:48
3 méint, oh freck
Mee ech fannen dat gudd. Och wann ech de system mam Aktivéiere besser fanne wéi ouni Aktivéieren: Et as emmer gudd eppes neies auszeprobéieren, och wann ee fläit net ganz genau weess wat dobäi erauskënnt.
(Ganz vill eltere kënnen e Lidd dovunner sangen!)

BlackPanther
29.08.2012 - 21:40
thx fir dain Avis - ech, mir, sinn och gespaant waat derbai rauskent
ZachOry
29.08.2012 - 05:54
Sen mol gespaant weivill "müll" an der nächster zeit waert ze gesin sin...
TomEwert
03.09.2012 - 15:38
Also och wann et nach net d'Zait ass iergendwelleg Faziter ze zéihen ... mais ech vermessen den Aktivéirungssystem elo schons. Photogen verkennt lues zur Déirenrubrik vun der Photographie ... awer vielleicht gin ech jo nach eppes besseren beléiert.
à voir ...
à voir ...
Gaga
05.09.2012 - 08:43
Also ech muss soen ech sin positiv iwerrascht, oder wei een et hellt, och negatif !
Et as bei Weitem net esou schlemm wei ech geduecht hun! Ofgesin dat deitlech mei Fotoen kommen, sin zwar och verschidden Schnappschess an Fehltrett ze gesin, an der Moyenne fannen ech awer perseinlech dat den Niveau net geännert huet.
Ech kommen dann och net derlanscht ze schlussfolgeren dat vill Sachen refuseiert gin sin dei absolut ok woren.
Soit, am Fong fannen ech dat no sou kuerzer Zeit schon mol ze gesin as dat eng "Zensur" net wierklech neideg as, mat der Zeit denken ech, werten och manner schlecht Fotoen kommen well dann eben dei "manner gut" Fotografen gesin weieen Niveau se ongefeier mussen anhaalen fier net an der Loft zerrappt ze gin. Ausserdem as et interessant ze gesin dat leit mat Machinen an Equipementer vun 3,4-5 Dausend Euro zwar vill investeieren, awer net vill erausgeschloen kreien. Aanerer erem hun klengt Geschiir an brengen awer ganz ordentlech Sachen ....
Soit ... weider esou ... mol kucken waat nach kennt !
duerch dei vill Fotoen as et natierlech och esou dat een net mei bei allem kann en Kommentar schreiwen ... mais eben e kuerzen "flott" bei gudden Sachen, an awer eng anstänneg Kritik bei den schlechten !
Jiddereen deen selwer well epes beileieren geiff sech e gefaalen machen vill Fotoen ze bewerten an se dann anstänneg ze kommenteieren, dobei leiert een am meschten !
MBG

Miisamm
09.09.2012 - 07:55
Insert "meng ennerschreft" here
Tja, sou kann een sech ieren, ech hast och gemengt den "niveau" geif faalen, mee sou gesinn, bleiwt alles an allem zimmlech ähnlech, ausser e puer patzer.

LeeLee
21.09.2012 - 19:17
Wow, d' 6 Joer Streiden a Gemeckers schéngt sech da jo emol fier op mannst 3 Méint rentéiert ze hun.
Johny
26.09.2012 - 15:05
"Streiden a Gemeckers" ... wisou sou negativ, Patrick? Et däerf awer och net vergiess ginn dass et lo mol just eng "Testphase" ass ... Eng Entscheedung gëtt duerno geholl dann.
Jean-Jos
22.09.2012 - 15:54
Gaga, däi Kommentar hei ënnedrun ass 'pas mal'!
Ech frée mech op de Bilan vun den Comitésmemberen.
Et fällt op, datt zënter der Testphase deen een oder anere "gestanenen" Fotograf eng Grimmel méi kommentéiert, hoffentléch ass et fir méi lang

VeloBen
25.09.2012 - 20:10
Ech géiff soen d'Experiment ass geglëckt. Elo souuuuvill Fotoen déi "net konform" sin, sin guer net dobai.
Schlecht Fotoen kréien déi konstruktiv Kommentaren déi se verdengt hun an banal Fotoen gin ignoréiert.

_MiAmI_
28.09.2012 - 10:17
fannen dei Art/Testphase ganz ok!
mee, fannen dass di lescht Zait emmer mei Deierefotografie hei obkennt, muss eierlech soen, daat langweilt mech ze kucken ?!

Schluck
02.10.2012 - 11:44
Déieren kommen och eng keier aus der Mode ... Wat mir héi obfällt ass dass ët ëmmer een Trend gët fir eng gewëssen Zort vun Biller ob dat lo Macroën, Porträiten oder Urbexbiller sinn ... et ass jo awer och normal dass de Fréijoer, Summer méi Naturbiller hues wéi den Recht vum Joër .. lo kommen Hierschtlandschaften , durno Schnéibiller ...
Johny
02.10.2012 - 11:54
Jein ... Déieren hu mir schonn éiweg vill refuséiert. Virun allem d'Hausdéieren. Dat kënne mer vun Urbexfotoen net behaapten
Schluck
02.10.2012 - 11:58
Hausdéieren an Wildlife ass jo awer een Ënnerscheed, dat kann's de jo lo awer nët onbedengt vergléichen
Paul-W
30.09.2012 - 11:08
Ech well (och als Newcomer) mein Pëfferkärchen beiléen.
* Dem MiAmI muss ech e bessi Recht ginn. Neischt geint dei super mega Deirefotoen hei um Site mee wann dei "normal" (ech wees dei sinn och megagut) e bessen geiwen manner ginn geiwen se dei aner net iwerrennen
* Ech fannen perseinlech dass och vill "normal" Vakanzefotoen beikommen....
* Nach e klengen Kommentar - oder eng Idii vir eng next Testphase.
Ech hunn e bessen dat gefill dass d'Wochenfotoen enner "Kollegen" ausgewielt ginn. Ech proposeiren eng Testphase:
> Auswahl vun den Administratoren an
> Choix vun den Useren.
Zousätzlech eventuel beim Choix den Numm ewechloosen ...
Ass nëmmen eng Idii

30.09.2012 - 11:27
Mir haten emol eng Sammlung vun de beschte Fotoen déi sou funktionéiert huet: (Huet iwwregens "Topfotoen" geheescht)
- E User huet mussen d'Foto virschloen fir vläicht Topfoto ze ginn, dann ass se an eng Ofstëmmung komm
- Eng vum Comité gewielte Jury huet dann heiriwwer ofgestëmmt
Leider ass dat u extrem villen Diskussioune komm eben grad well et eng Jury war déi ofgestëmmt huet an d'Leit sech benodeelegt gefillt hunn, genee dofir hu mer et rëm mussen ofschafen an en anere System aféieren.
Den Numm wechloossen huet kee Wärt vu dass d'Foto jo normal um Site ass, d.h. et weess ee sws wen d'Foto gemaach huet
Ech wëll net wirklech hei Verbesserungsvirschléi sou "ofschloen", mir sinn eigentlech frou wann mer sou konkreter kréien, mee ech denken du verstees hei dass deng Ideeën dann och no der Ëmsetzung net sou gutt géifen ukommen (wéi mir selwer jo leider och schonn hu musse feststellen)

30.09.2012 - 13:16
Merci Johny vir dei schnell a prézis Äntwert
War jo nemmen eng Idii
Meng Idee war och emgedreit
Comité schleit Wochefoto vir an User stëmmt driwer ôf ...
Scheine Sonndeg nach !

30.09.2012 - 15:13
OK war mer net sécher wéi et gemengt war ... Problem ass dass ech der Meenung sinn dass mer net am Comité ëmmer all Fotoen och duerchkucken, mer si jo just eng limitéiert Zuel vu Leit :/ Soss wir de Virschlag guer net sou schlecht. Mee vläit kéint een och sou maachen dass zwee verschidde User se mussen virschloen fir d'Wochenofstëmmung amplaz just 1, dat géif der scho vill eliminéire mengen ech
_MiAmI_
01.10.2012 - 09:43
Daat dass Wochenfotoen ennert "Kollegen" ausgewielt gin, war ech schons virun engem Joer da Meehnung an och elo nach emmer !!
De Numm/Nick dreit hei ganz oft dozou bei !!
(as net beis gemengt)

01.10.2012 - 10:12
Ech ginn dir/iech jo net onrecht, ma den Nick verstoppen helleft jo awer sou wéi de System opgebaut ass leider näischt, wéi ech erklärt hunn :/ Ech wir selwer richteg frou wann mol méi Fotoen géife gewielt ginn déi och sou als Endprodukt ouni PS kéinten entstoen...
Schluck
02.10.2012 - 12:27
Ech fannen ët gutt dass der ouni Aktivéirung mol probéiert ... Positiv fannen ech ob allen Fall emol dass mol rëm méi Biller komm sinn an souvill "schlechter" fannen ech sinn och nët dobéi. Allerdengs kann een se doduerch dass ët der souvill ginn sinn nët méi all kommentéieren an virun allem déi schlecht kommentéieren ass ëmmer eng delikat Geschicht.
Wat ech perséinlech nach ëmmer schued fannen ass, dass ët ëmmer déi selwescht sinn déi Kommentéieren, wéi wier ët dann wann een ët géif esou machen dass de nëmmen keins ee Bild eroblueden wann's de mindestens 2 oder 5 annerer kommentéiert hues?
Wat d'Kritik un der Wochenfoto unbelaangt .. ass jo wéi een Concours .. firwaat dann nët d'Biller alleguerten ouni "User" unweisen sou dass just den Comité wees wem seng ët sinn an dann no der Wochenoffstëmmung erreicht weisen vun wem se sinn .... Hmm wann ech sou iwwerleen ass dat leider bestëmmt vill zevill Aarbescht

02.10.2012 - 13:57
D'Wochefoto ass jo eng Selektioun souzesoen aus Fotoen déi normal ropgeluede ginn, wann dann keen Numm soll ugewise ginn, däerfe se virdrun och net schonn um site drop sinn an der normaler Galerie ... wéi stells der dat genee vir?
Schluck
02.10.2012 - 14:16
Déi eischt Woch all d'Biller anonymiséiert an d'Gallerie ... dat misst jo machbar sinn ... allerdengs dierft de déi eischt Woch dann och net an der Usergallerie ungewissen ginn
Schluck
02.10.2012 - 14:39
Wier awer mol cool, dat géif dann och bei den Kommentaren hëllefen .. Da mam nët unweisen déi eischt Woch ass jo keen Problem an am Fong misst ët jo och an der Usergallerie machbar sinn fir nëmmen Biller unzeweisen déi méi all sinn ewéi déi läscht Wochenoffstemmung.
An den "Conditions général" misst de dann allerdengs Signaturen verbidden (wat och keen Fehler wier) an d'EXIFën eraus huelen.

02.10.2012 - 14:59
Wéi ech sot, alles an allem, vill Aarbecht Virun allem lo wou mer eise Sall mol rëm mussen ariichten an eis ëm de Salon këmmeren. Vläicht fir duerno ... (Anonym roplueden war och eng Idee déi mir am Comité schonn haten)
Schluck
05.10.2012 - 10:45
Wat haalt der dann vun der Idee dass de nëmmen keins ee Bild eroblueden wann's de mindestens 2 oder 5 annerer kommentéiert hues? ët sinn ëmmer déi selwescht déi vill Kommentéieren
Johny
05.10.2012 - 11:26
Ass scho virgeschlo ginn, an wärt et mathuelen an eis next Sitzung fir bëssen doriwwer ze diskutéieren.
Paul-W
05.10.2012 - 12:37
Hi Schluck
Mat nemmen roplueden -wann Kommentaren- fannen ech net sou gut. Eng Bremse ass jo schon do.
Well et sinn och bestemmt Leit um Site dei dii vill Fotoen bewonneren, sech drun inspireiren an dann och mol heinsdo eng wellen uploaden ouni Kommentaren ofzeginn.
Mam Kommentar"zwang" kommen onnetz Kommentaren wei ... schein, flott, cool ... und fertig

06.10.2012 - 09:20
Déi hues de lo och schon ... mais du hues nët sou onrecht. Ass schued dass d'Léit nët méi richteg Biller analséieren an kommentéieren wëll doduerch léiert een och vill bei. Dann nach Kritik verdroën, konstruktiv Kritik .. dat ass nach eng anner Geschicht
jaya-the-cat
08.10.2012 - 16:00
Ech erlaaben mer mol als Newbie dorober ze äntwerten... Fotoen analyseieren a kommenteieren ass esou eng Saach. Ech huelen en Beispiel vun där Shcluck, du hues virun kuerzem eng Foto vun engem Wollef deen um Sprong aus dem Wolefparke eropgelueden, ech hu mer se ugekuckt an se super fonnt, do hune ch se grouss geklickt an mer geduet, dass iergendeppes komesch ass, konnt mer et awer net erklären... Du hunn ech Kommentarer gelies an hunn verstaanen, wells de et selwer erklärts haas (noschärfen am PS)...
Gaga
17.10.2012 - 20:09
@jaya: et leiert een jo och bei wan een dann epes Kommenteiert, an dann korrigeiert get. häss de zb net zoufälleg geliess waat de Schluck geschriwen huet, wiers de an der Ongewessheet bliwen an häss naischt beigeleiert.
Doduerch dat ech emmer versichen ganz riicht eraus an eierlech ze kommenteieren, ouni als eicht den Auteur oder all t'Kommentarer ze liesen, sin ech och schon oft, zumols am Ufank, korrigeiert gin, oder an Diskusiounen eran komm, wou ech duerno vill mei schlau eraus komm sin.
Leit dei net kommenteieren an diskuteieren, leieren hei naischt bei... nemmen Fotoen kucken brengt net vill. Analyseieren, hannerfroen, a Fro stellen, daat sin dei Sachen wouss de ganz vill beileiers.
Wei bei sou villem geiff et de Leit gut doen wann se vum selwen geiffen drop kommen dat naischt vun naischt kennt, an dat et besser as freiwelleg epes ze machen wei mussen derzou forceiert gin. Mat der Zeit, als mei erfahrenen Fotograf an een, deen dem engen oder aaneren dann och emol en Tip kann gin, mierks de dat et bei verschiddenen Leit och keen Wert huet hinnen ze hellefen, well se net gehollef wellen kreien. t'Leit sin nemmen drop aus erop ze lueden, mat der Zeit mierks de awer dat dei gut Fotoen vun deenen Leit kommen dei nemmen ganz selectionneiert erop lueden (meschtens) an net all 2t Foto vun hierem Shooting ... Also huet een dann och mei Zeit ze kommenteieren, amplaatz nemmen drop aus ze sin kommenteiert ze kreien.
MbG

Photom
30.10.2012 - 00:08
Konstruktiv Kritik verdroën, dat kann net all Mënsch. Dat as eng konscht, mee deen eppes wëll léieren wéi z.b hei misst dat awer am Stann sin.
bigmama19420205
08.10.2012 - 08:03
dëi Testphase ass super, d' Fotoen se grad sëu flott wëi firdrun, an mëcht vill mei Spaass daat Ganzt
Photom
29.10.2012 - 23:41
Ech fannen dem Schluck seng Iddi guer net esou schlecht.
Et ass bei der Fotosflut guer net esou einfach all Fotoen esou ze kommentéieren ewéi een dat misst. Awer fir dass eng gewëssen Dynamik an Spill kënnt misst et effektiv esou sinn dass een fir d'éischt misst eng hallef Dose Fotoe kommentéieren an dass een gezwonge wier Fotoe vun aner Leit ze kommentéieren. Dat denken ass Wonschdenken, ewell esou eppes net einfach ze programméiere wier.

29.10.2012 - 23:51
Dat hue näischt ze dinn mat der Aarbecht vum Programméieren well dat ass net komplizéiert.
Photom
29.10.2012 - 23:58
Ech hun mech vläit schlecht ausgedréckt. Et dierft een net ëmmer déi selwecht Fotoën kommentéieren während zB. engem Mount. Do misst een gezwongen sinn aner Fotoën ze beurteelen. Desto besser wenn et net komplizéiert wier fir dat esou anzestellen.
Johny
29.10.2012 - 23:59
Dat wir nach guer keng Affair, een den dat net kéint hikréien hätt sech net Programméirer ze nennen Hei geet et net ëm den techneschen Aspekt, mä éischter ëm de Sënn dovun. De Grondgedanken ass jo vläicht gutt, mee et ass ondenkbar esoueppes a Wirklechkeet emzesetzen.
micky-maus
15.11.2012 - 15:34
Salut, ech froen mech op ett meiglech ass eng Funktioun "FOTO MELDEN" anzebauen fier wann eng Foto total danieft ann beleidigend ass, wou een kann drop klicken, ann Foto gett aus der Galerie erausgeholl fier daat see enkeier vunn den Admin gepreift gett. Ett woeren elo 2 esou Fotoen hei op dem Site, wou ech och jeweils een Kommentar dobai geschriwwen hunn, ann mettlerweil geläscht gouf.
Testphase ass zwar geschwenn erriwwer, hoffen wann deen System esou weider gefouert gett evt. esou eng Funktioun agebaut kann ginn.
MbG.: m-m

15.11.2012 - 15:40
Et war geplangt sou eppes anzebauen wann et sou weidergefouert sollt ginn, an dann beim Mellen kritt een nach d'Méiglechkeet direkt unzeklicken wisou een se wëll mellen.