Canon bréngt den Nofolger vun der 20D
(21.02.2006 - 13:59)
Dësen Nofolger heescht lo awer 30D (Obwuel et shconn eng 'D30' gët). Verschidden Updates mat denen gerechent gouf sin awer äusbliwen. 2 grouss Ännerungen sin den mei groussen écran bei der 30D, an wann een den ISO emstellt kritt een daat elo och am Sucher ugewisen. Ob se en besseren AF huet (sou wei den vun der 5D), doriwer sin am Moment iergent wéi nach Diskussiounen am gaang, déi eng soen jo, déi aaner nee. De Präis läit anscheinend tëscht 1400€ an 1600€. Ob Canon domat en anstännege Géigner fier d'Nikon D200 bruecht huet, ass wuel a Froo gestallt
Nach derbäi hun se hieren 85mm L EF verbessert, woubäi den AF lo och soll besser schaffen.
Dann hun se nach e ganz neit Objektiv op de Maart bruecht, an zwar en EF-S 17-55mm F2.8 IS USM. D.h. en Objektiv fier un d'Amateur an Semi-pro Apparater, allerdings läit de Präis geschätzt 1200€ - 1300€ an der L Zone, obwuel et 'nemmen' en Objektiv ass fier nët op Profi-apparaten. Ob verschiddene Leit et Wärt ass dëst Objektiv ze kaafen, ass wuel eng gudd Froo ... Canon mengt anscheinend jo.

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
Johny
21.02.2006 - 14:51
Ech selwer muss soen, 30D ass soumat kee Geigner fir d'Nikon D200, dei bleift definitiv besser. Et gouf mei erwaart vu Canon eigentlech.
Waat den EF-S 17-55 f2.8 IS USM ugeet, also dee Präis ass vill ze héich dofir dass et en Objektiv ass waat just op Crop-apparaten kann gebräucht gin a bei engem Upgrade op eng 5D muss verkaaf gin.

rhconcept
21.02.2006 - 17:22
Hei nach e Site mat Detailer an Erklärungen zur neier 30D
http://www.dpreview.com/news/0602/06022114canoneos30d.asp

coolpix
21.02.2006 - 22:00
The AF sensor/modes/speed, selection ease, AF-assist beam and other AF-related specifications are the same as the EOS 20D’s. With regard to AF precision, further finetuning has been incorporated compared with the EOS 20D.
--
Domadder dierft dei Fro io geklaert sinn. E ganzen Whitepaper vun Canon fannt der hei (PDF):
http://www.robgalbraith.com/public_files/Canon_EOS_30D_White_Paper.pdf

DiGGi-Team
22.02.2006 - 08:23
Moien All,
ëch haat och schons dovunner héieren. Vue-que, well ëch dëst Joer op d'Photokina ginn, kucken ëch mer déi Saach mol un.
IMHO ass d'Nikon D200 awer besser. An een Waitwënkel matt Festblend, haat Sigma schons virun 2 Joer eraus: Sigma 17-55/2,8 HSM

CK
22.02.2006 - 12:10
Grad op Topvision.lu gesin:
Et get anscheinend en 300eur Cashback op der 5D bis den 30. Juni. Hieren aktuellen Preis ass 2498eur, minus 300 CB ass daat dann just nach 600 bis 800 méi wéi d'30D dann wärt kaschten... denken daat ass relativ noo beienéen, an et geseit effektiv esou aus wéi wann Canon well d'Leit "motivéieren" fir méi auszegin an amplaatz eng 30D direkt d'5D ze huelen.
(Den CB-Offer bei Topvision un sech fannen ech zwar suspekt, well Canon op hierer Seit (http://canon2006promotions.onlinerebates.com/) naischt seet iwer Lëtzebuerg.

22.02.2006 - 12:34
Jo dass Canon en Cashback brengt fir 5D ass scho säit mei laanger Zäit bekannt. Wisou awer Letzebuerg do lo net derbäi steet verstin ech och nët richteg.
Ech denken dass Canon net mei laang waart fier schonn en nofolger vun der 5D ze gin, warscheinlech schonn am Summer, wubäi et se dann reischt e Joer gët. Mee alles gesäit sou äus wéiwann et sou géif goen. Den wärte se dann mam Nofolger fier 350D virstellen

CANON
04.03.2006 - 13:58
Also et ass esou
De Cash Back deen en bei der 5D kritt , denn ass net fier 5D ze bezoulen mee fier eppes ze neies ze kaafen ZB en neien Bletz oder ferschieden Objektiwer mei bellech ze kaafen......ech haat en och an daat ass esou
50 Euro op den Bletz Speedlite 580EX
50 Euro op den Bletz Speedlite 420EX
50 Euro op den EXTENDER EF 1,4 II
50 Euru op den EXTENDER EF 2X II
50 Euro op den MAKRO RINGBLETZ MR.14EX
50 Euro op d' Objektiv EF 20mm 1:2,8 USM
50 Euro op d4Objektiv EF 28-135 mm 1:3,5-5,6 IS USM
50 Euro op D'Objektiv EF-S 60mm 1:2,8 USM
50 Euro op den Drucker i9950
100 Euro op d'Objektiv EF-S 10-22mm 1:3,5-4,5
100Euro op d'Objektiv EF 17-40mm 1:4L USM
100 Euro op d'Objektiv EF 70-200mm 1:4L USM
150 Euro op d'Objektiv EF 300mm 1:4LIS USM
All dei Euro Cash Back haat ech bei menger 5D dobei konnt se awer nett vun der 5D ofhalen......
Wann nach 1 mei deteilen well kann en sech mellen
Salut

04.03.2006 - 14:33
Nee den den elo kennt ass wirklech fir d'5D selwer. Dei Cashback Aktiounen deis du opgezielt hues haat ech och bei menger 350D schonn derbäi. Genee dei selwecht. Mee lo gët et eben och sou eng fir D'5D mei bellech ze kreien.
CANON
04.03.2006 - 17:43
Sie machen alles vier et compiezeiert ze machen.....aaplatz gleich eng Remise zeginn oder 10% op der 5D egal waat.....