Annoncen plus nei Navigatioun
(29.11.2005 - 00:10)
En Script fier Saachen ze verkaafen gouf virgeschlo, an daat haate mer direkt als eng gudd Idee oofgestemptelt. Och eppes wei eng Modeling agency wollten puer Leit. Do duechten mer, well et onsecher ass dass daat mat den Models och wirklech vill gebräucht gët, mer maachen déi 2 Saachen an enger Kéier.
Bei Annoncen, kann een soumat sëch als Model oder och Fotograf firstellen, mee och Material verkaafen oder sichen. Natirlech nemmen Foto Material ...
An dann, well och nach puer nei Saachen geplangt sin, gouf séier kloer dass d'Plaatz uewen wou déi aal Navigatioun war, nët méi géif duergoen. Dofier hun ech d'Navigatioun am fong mussen duer setzen wou se lo ass, et gouf keng aaner Méiglechkeet. Allerdings denken ech dass et sou och bessen méi iwersiichtlech ass, an verschidden Leit hun Links ënnen op der Säit guer net gesin, wéi z.b. Guestbook, About, Contact asw.
En plus sin lo 2 Links hei op der Säit, wou déi aal Navigatioun war, wou een kann live online Radio-stream läuschteren vun eisem Partner Crew.lu.
Mier hoffen all dës Ännerungen an Erneierungen gefaalen ierch, och wann d'Navigatioun bessen gewohnungsbedürftech ass, ech denken alles ass mei einfach esou.

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
n0brein
29.11.2005 - 00:41
Cool ännerungen, nei navigatioun ass besser an mei iwwersiichtlech, top ärbecht
Lex
29.11.2005 - 19:05
Fannen de neien design ganz flott! Just, wann ech op wallpapers klicken landen ech op der startsäit... wees net waat do lass ass?!? Fannen dee crew.u Link och bessen opfälleg, ech mängen, ass jo scho ganz flott musék ze läuschteren, mee ass et wiirklech sou e wichtege link fir dat en op souenger wichteger plaatz sou grouss muss stoen? Mängen wann en ennert ''Neisten Tutorial'' komm wär wär dach och felleg duergaangen, nee?
yannhellers
29.11.2005 - 21:37
navigation ass besser jo mee den logo vun crew.lu steiert. an passt absolut net an bild...
coolpix
30.11.2005 - 08:21
Io, ech fannen och dei 2 Logoen fier Winamp oder WIndows Media Player giffen och duer goen.
Johny
30.11.2005 - 12:26
Ass jo scho gutt, gët nach geännert geschwenn, mee reischt wann ech mat denen aaneren geschwaat hun wei mer et änneren
Johny
01.12.2005 - 23:38
Sou ass eng aaner Grafik do, hun just de Logo ersaat vu dass di meescht sooten nemmen den géif stéieren.