Spiggelreflexkamera (SLR) | |
SLR = Single Lens Reflex Als SLR gett eng Bauart fun Fotoapparaten bezeechent, bei der d'Motiv vir d'Betruechten vum Objektiv iwwert en Spiggel, deen firum Sensor/Film ubruecht ass, op enger Mattscheiw oofgebild gett. Während der Opnaam klappt deen Spiggel dann no uewen, sou dass den Wee vir op den Sensor/Film frai ass. Wann d'Foto gemaach ass, klappt den Spiggel erem erof, sou dass een duerch den Sucher daat nächst Motiv sichen kann. Duerch deen System hun d'Spiggelreflexkameraen déi eenzegarteg Eegenschaft, dass een duerch den Sucher genau deen Ausschnett gesait, deen herno och op der Foto ze gesin ass. | |
![]() | ![]() |
Fir déi, déi sech naischt dorenner firstellen kennen oder et mei genau wellen wessen, hei nach en klengen Schema: ![]() Motiv (1) gett duerch den Objektiv op den Spiggel (2) projezeiert, deen et op d'Mattscheiw (3) weiderleed. Duerch D'Sammellens (4) kennt d'Bild an den Pentaprisma (5) wou et dann nach 2 mol gespiggelt gett, vir dass et den richtegen Wee am Sucher (6) oofgebild gett. Während eng Foto gemaach gett klappt den Spiggel erop (7) an d'Bild gett esou op den Sensor/Film (8) projezeiert. |