Tutorials
»» Allgemeng Tipps »» Rout Aen beim blëtzen
|
Rout Aen beim blëtzen
|
Wann ee rout Ae vermeide wëll, muss ee mol fir d'éischt wëssen, firwat se iwwerhaapt entstinn. Déi rout Aen op Blëtzfotoen entstinn ëmmer dann, wann de Blëtz an Objektiv de selwechten, resp. bal de selwechte Wénkel hunn. Dat heescht, praktesch all Blëtz, den un engem Fotoapparat drun ass oder op de Blëtzschong opgeschiebt gëtt, huet dat. De Blëtz zünd, a reflektéiert säi Liicht zréck an Objektiv. Doduerch gëtt dann d'Aen rout. Och déi Virblëtzer, déi d'rout Ae vermeide sollen, kréien dat net ganz hin. Déi bewierken, dat et kuerz virum richtege Blëtz méi hell gëtt, wouduerch Pupille méi zou ginn, mä de Kär vum Ae gëtt awer nach rout. An engem Fotosprogramm ass et natierlech einfach, déi rout Aen ze korrigéieren, wann een dat awer direkt vermeide wëll, hëlleft een externe Blëtz, deen eben net an der selwechter Axe leit, wéi d'Objektiv. Dann gëtt nämlech Liicht vum Blëtz net an d'Objektiv reflektéiert, mä an eng aner Richtung, an dann huet ee keng rout Aen. Dat selwecht zielt natierlech och beim indirekte blëtze géint de Plafong, do entstinn och ni rout Aen. |
Geschriwwen vum
Pit 04.09.2011, ass säit deem 17115x gekuckt ginn.
Neisten Benotzer:
AmandaBrendaAm Ganzen:
3721 keen Benotzer an
230 Gäscht online