Tjo d'Liichter, an och nach mat Géigeliicht, ..mat Hëllef vum Histogramm huet een dat awer gutt ënner Kontroll.
Merci beaucoup Rob, mech freet natierlech dat d'Bild dech usprécht.
Firwat faszinéiere sou naturstrukturen a Liichtspiller méi am s/w, wéi am farwéchen?
Einfach nëmmen top. An ech gi rose, wann ech bedenkent, datt ech dëst Joer wéinst deem "neiartege Corona-Virus" méng Wandervakanz a Graubünden hu missen ofsoen. Ouschtere, well mir hei net hun dierfe raus an elo am Juli, well d'Helvete gemengt hu, si missten eis aspäre, wa mir eis trauen, bei se ze kommen.
Ech hun och net direkt eng Erklärung dofir. Faarweg hat dëst Motiv z.b Null Wierkung, dofir hun ech ët als s/w verschafft. Net all Motiv eegent sech fir s/w, obwuel et fläicht zimmlech identesch kann ausgesinn eent vis à vis vun dem aneren.
Ee Beispill ass dëst Bild wou ech an der Woch gewisen hun, ..Schnéi am direkte Sonneliicht & Schieter. Obwuel hei och praktesch keng Faarw richteg present ass, de Schnéi just minimal giel - orange wéinst der Sonn wou scho ganz déif stung, an als Contrepoint am Hannergrond eng schwaach blo gesättegt Schnéiwand am Schied war aus menger Siicht net richteg am s/w ze gebrauchen, ganz flach an optesch net wirkeleg uspriechend. All Manipulatioun am RAW Konverter war direkt ersichtlech a keng Plus-value, ..dowéinst dee Post am faarwegen.