Zwou verschidde Fotoe vum selwéchte Motiv, Gennaro. Et gët keng Equivalenz tëscht farweg a schwarzwäiss. All Approche huet hiert eegent Liewen.
Mir gefällt s/w besser, wat nët heescht, datt farweg schlecht ass. Mais s/w ass méi grafesch a minimalistesch. Farfinformatioune sin heiansdo manner well se méi bréngen.
Däin Kopmmentar ass fir mech eng Symphonie...
Am Fong den SW ass etheresch , ouni farwesch Attractioun, just nemmen Schieter an Luucht...
D'Farwescht ass hai an do nemmen flott ... daat SW ass öfters séilesch flott ...
Waat elo mei gefaellt ass net wichtesch... wollt just nemmen weisen ewei d'Differenz enorm kenn sin...
Kloer ass den SW net nemmen eng banal Konversioun vum Farweschen
Hunn di zwou lo schonn oft gekuckt, an di sw betount (och mat dem klengen Fehler den de Jacques schonn ugeschwat huet) fir mech méi d'Dramatik! Matt de Wellen war de jorsch méi schnell!
Campo imperatore Charel um Gran Sasso Biergketten ... wannst no lenks kucks gesaiste den Gran Sasso majestuös op dech erofzekucken
Charel... Merci an vill Gleck am neie Joer , mir brauchen och Gesondheet!!
Et ass verréckt, wéi komplett verschidden déi zwou Fotoen op mech wierken. Also, dass SW en Ennerscheed mecht ass jo gewosst, mee während déi faarweg berouegend and friddlech wierkt, huet déi SW sou eng Dramatik an wierkt alles anescht wéi friddlech. Herrlech ze gesinn. Ech ka mech dowéinst och net entscheeden, wéieng ech "besser" fannen, se stellen zwou komplett verschidden Szenen fir mech duer
Dei Fuerwesch wierkt op dengem Gehier... well se Figurativ ass ... dei huet keng Surprise parat, dei SW weist waat net mat den Aan ze gesinn ass ... daat mengen ech mool ...
Daat soll och d'Mentatliteit sin bei den Archtektur Fotoen sin...
Prost neojoer alleguer an zu de Photo .. Herrlech obnahm an fier mech dei fuarweg awer och just well dei streiffen wierklech "leider" steieren ..
Mee dofier ass dei fuarweg em sou besser ..
JUst en puer frohen .. neicht mat kritik ze din just neigier:
Fierwaht ass den Crop ennerschedlech bei deenen 2? Zoufall? oder sin et 2 verschiden Photoen?
An fierwaht fehlt en dehl vum de rietser kannt vum Lenken Bierg... oder ass deen beim schwarzweis an himmel verschwonnen bei de verarbechtung.. Dei Kannt dei eroffaelt ass vis-a-vis vun de fuarweger versioun en steck mei kuerz.. an vun waht sin dei streifen vum ND Filter????
An nachenkeier un sech sin se allenzwou Top.. Schein stemmungsphotoen mat 2 verschiden gefiller..