dat mam Focus ass mer och opgefall, ech hu scho richteg focusséiert mee et war nemmen rout Luucht (an déi koum während deenen éischten 3 Lidder nemmen vun hannen, absolut keen Frontspot!!) - a bei rouder Luucht do lait de Focus leider gaaanz oft derniewend (ass e Kontrastprobleem bei rouder Luucht) kann man machen nix :o( - ech haat hei 3 Fotoen hannerteneen gemaach, mee duerch déi staark Luuchten vun hannen sin déi 2 aaner gnadenlos iwwerbeliicht (trotz Spotmiessung um Gesiicht - mee an der Zait zweschent der Miessung an dem ausléisen huet d'Luucht scho rem geännert...).
dat kann dach net sinn ;o))
nee seriö, ech mengen Du hues Recht!! Et ass komesch dass ech besonnesch bei rouder Luucht a bei desem Objektiv oft Frontfocus hun.... ech muss mer mol eng kéier en rdv zu Willich huelen fir dat se d'Kallibratioun nokuke kennen :o(
Muss soss keen op Willich (lait e bessen hannert Köln) an de Canon Service - da kéint een zesummen dohi fueren...
concert war OK mee ech hu missten eraus no 3 Lidder (oder ech haett meng Kamera missten an engem sall eleng an net bewaacht leien loossen :o( ) - du sin ech alt heem gaang, mee war Mega haard ;o)