Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Photoen maachen mecht spass

Photoen maachen mecht spass
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.06.2024
  • Gekuckt:
    321
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    1/800 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    119 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1500x1500
  • Späicherplaz:
    568 KB
  • Originaldatum:
    2024:05:29 11:23:33
  • Fotoapparat:
    Canon EOS R5
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=93222]
Kommentar vum Fotograf:
wann een daat esou well ... Ech hun e bessi virun mech hin gesponnen well et mier awer e bessi deck deet, dass desen Síte elo geschwenn der Vergangenheet ugehéiert. Dowéinst froen ech hei einfach mol drops lass.

Ass een interesséiert?
Mier erstellen einfach mol zB en Whatsapp oder facebook Group op deem mier einfach weider maachen. Daat ass elo net dei beschten Léisung fier photogen ze ersetzen an kann och guer net esou fonktionéieren. Mä et ass emol en Usaatz. D'Idee ass déi, dass een sech zB eng Woch, zwou Wochen, een Mount get fier Photoen zu engem bestemmten Thema ze maachen an dann seng Bescht an deem Group weist. Ouni Zwang mussen matzemaachen. Do kann dann iwer déi jeweileg Photoen diskutéiert an gefachsimpelt gin. Den Vierdeel wier weider mat Kollegen iwer Photoen ze bradelen.
Do misst natiirlech nach e bessi Feinschliff gemaacht gin, mä deen kennt bestemmt "en cours de route". Ass ausbaubar mat eventuellem Treffen zB an der Staadt, um Haff Réimech oder zu Montevideo ...
Wann et sollt ze emständlech gin an et net sollt klappen huet een alt wéinsten eppes probéiert gehaat.
Avis aux Amateurs, jiddferen ass Wëllkomm grad esou wéi eng gudd Idee.
PN ass de Wee zum Whatsapp Group
Paul-H 07.06.2024 - 17:45
Komesch dass bis elo nach keen reagéiert huet.....
Photogen ass jo schon präsent op FB, et ass just esou dass do schon éiweg laang näischt méi gepost gouf. Wann een déi Säit kéint iwerhuelen wir am Fong ideal well den Numm dann géif bestorn bleiwen, ausser den Numm wir irgendwéi geschützt oder sou. Daat wir mol mäin Virschlag.
RippBen 08.06.2024 - 09:55
Gudde Moien
Haat lo op FB probéiert eng Photo eropzelueden wat afer net gangen ass, well ech eng Noriicht muss un den Admin schécken deen se dann poste kann. Et misst een se sou ëmwandelen dat jiddereen eppes do kann Posten, dann ass dat Tiptop.
Nicon07 08.06.2024 - 10:33
D'Iddi u séch ass nit schlecht, mais ech, z.B., sin nit op Facebook an hat eigentléch och nit wëlles, jemols eng Kéier do Member ze gin. Mais bon, wann dat eng Zort Iwwerliewe vu PG erlabt, dann iwwerleeën ech mir nach eemol. Mais bis dohinner muss jo awer nach e bësse méi Interessi hei gewise gi, wéi just dräi oder véier Leit. closed_eye
tormi 08.06.2024 - 10:58
absolut,
do muss gekuckt gin ob mier déi Séit iwerhaapt kréien, ob där aanerer Séit ass séier eng nei hiergestallt. Mä et sollt och net sin, dass een zu eppes gezwongen get wat deen eigentlech net wollt
Paul-H 08.06.2024 - 13:30
Stemmt, den Feedback hei hällt sech a Grenzen. Vun dohir war et daat dann wahrscheinlech.
tormi 09.06.2024 - 08:35
jo, schued, mais bon, ass dann esou.

D'Propose besteht nach, PN mat der Tel Nummer fier mol en eventuellen Tierchen an der Staadt mat Patt op enger chic'er Terrasse. Mier sin well zu drei, nach een an mier kennen och nach eng Belotte spillen.
tormi 10.06.2024 - 05:46
mettlewerweil sin mier 5, ass nach een interesséiert? Wann jo, pn mat der Tel Nummer w.e.g

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Ponte Dom Luís I, Porto (II)

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: nazaretalaragon
Am Ganzen: 3727
keen Benotzer an 382 Gäscht online