Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Quideglace

 
Quideglace
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.10.2023
  • Gekuckt:
    3051
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    1/50 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    41 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    800x1000
  • Späicherplaz:
    270 KB
  • Originaldatum:
    2023:10:24 14:43:56
  • Fotoapparat:
    NIKON Z 7
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    Z24-70mm f:4
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92837]
Kommentar vum Fotograf:
Een Hierschtdessert.

Ech si mir nit sécher, ob déi Decken do als Hannergrond et sou richteg bréngt...
Paul-H 24.10.2023 - 21:28
Stëmmt, déi brengt et net. Kuck dass de e grousst schwaartzt Zeechenblatt fir den Hannergrond kriss, grouss genuch fir dass de soss naischt hannert dem Motiv gesäis. An dann nemmen NET em 90 Grad diebelen soss gesäit een de Kneck. Ech sen och net deen Studiofotograf, hei gin et der secher dei dir nach méi Tipps kennen gin.

Dei heiten war sou gemaach:
Dräi Äppel.
Nicon07 25.10.2023 - 20:00
Da kucken ech mol, sou eppes ze fannen. Oder ech maachen et am neie Lightroom mat der Funktioun: masquer - arrière-plan. An da maachen ech dee ganz schwarz. Dat geet och. bigsmile closed_eye

Schéi Foto hues du do vun de schwiewenden Ätonguepel.
Paul-H 25.10.2023 - 21:12
Jo daat mam maskéieren geet och mee do leefs Gefor dass däin Motiv sou schwieft wéi meng Aeppel smile also virsichteg mam Regler.
wuff 26.10.2023 - 06:48
Wanns de däin Duch méi wäit no hannen hängst an mat oppener Blend schaffs kéint et en bëssen besser ginn an villäicht nach en bëssen dozou bäi droen keen ganz uniform schwaarzen Hannergronn ze hun. Waat d'Foto un geet fannen ech dass d'Quidd ze vill Dominant as, an och den Kadrage en tick ze eng as. Villäicht wier et besser gewiescht vun uewen lénks ze fotograféieren, dass den haapt Sujet besser zur geltung kënnt.
Ech hoffen dass d'Glace nom Shooting nët geschmollt war fir dass du se nach konnst genéissen.
Nicon07 26.10.2023 - 17:11
Merci, Mike. De Kommentar beim Pixelman11 ass och fir déch. closed_eye
pixelman11 26.10.2023 - 13:56
Stillleben ass e ganz dankbare Sujet, et kënnt een net dolaanscht sech mat den
"Alten Meister " ze beschäftegen fir dass se glaubwürdeg eriwwer kommen, egal op
et sech em en Ölgemälde oder eng Fotografie handelt. De Wuff huet eigentlech alles gesoot waat relevant ass. Ergänzen kann een nach soen dass d'Luucht deemols och vun der Seit koum an éischter diffus war.
Nicon07 26.10.2023 - 17:11
Merci, fir déng Ureegungen. An nach ee grousse Virdeel vu Stilleben ass och, datt een séch Zäit huele kann, fir alles ze arrangéieren. Suguer mat enger echter Glace (an nit mat enger chemesch behandelter, di nit schmëlzt, wéi op de Fotoen an den Héichglanzzeitungen). Ech hun nach Quidden, nach Granatapel a Glace natiirléch och nach. Deemno, affaire à suivre...
Deni 28.10.2023 - 08:59
ganz flott stemmegt Bild
Nicon07 29.10.2023 - 17:03
Merci, Deni.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 533 Gäscht online