Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Eisebunn

 
Eisebunn
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.06.2023
  • Gekuckt:
    9862
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    28
  • Beliichtungszäit:
    1/125 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    2000
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.667 EV
  • Gréisst:
    1000x1512
  • Späicherplaz:
    1153 KB
  • Originaldatum:
    2023
  • Fotoapparat:
    LEICA M10 MONOCHROM
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Leica Summilux 35mm f/1.4 + IR Filter
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92657]
Kommentar vum Fotograf:
zu Manternach, mat Infraroudfilter, mechanesch
tormi 29.06.2023 - 11:46
exzellent Photo, flotten Bildopbau, knackeg schaarf, gefällt mier gudd ... just den Infraroutfilter, deen kann ech nach net esou richteg aschätzen. Ech fannen, dass d'Beem dann emmer ausgesin wei wann Schnéi drop giff leien.
Nicon07 29.06.2023 - 11:55
Dat ass jo grad de Reiz vum Infraroud, dee sougenannte Wood-Effekt. Dat geet just, bei Sonn a wann d'Blieder schéi gring sin.
tormi 29.06.2023 - 12:56
hm, nee, daat muss nach e bessi sacken bei mier ...
Nicon07 29.06.2023 - 13:16
Dat stellen ech jo och nit a Fro, datt dat nach muss bei dir sacken. A wann dat ni ganz ënnen ukënnt, dann ass dat ganz an der Rei. Ech wollt just soen, datt ee keng IR-Foto brauch, fir kontrastéiert a knackeg S/W-Fotoen ze maachen, mais datt, wann een IR-Fotoe mécht, séch banz bewosst fir sou een Effekt entscheed. Pass op! Ech hu gëschter ee Rollei Infrared a méng Pentax 6/7 gemaach an ee Roudfilter op d'Objektiv geschrauwt. Lo gin ech mol kucke, wat dat am Analoge gëtt an ob den Effekt t'selwécht ass, wéi hei am Digitale mat IR-Filter.
tormi 29.06.2023 - 13:47
ech sin gespaant smile
Nicon07 29.06.2023 - 14:13
Ech och!
gemu 29.06.2023 - 13:55
Merci Tom fir deng schéin appréciatioun, stell der einfich vir et wier kee Schnéi mee Kiischtebléien da sackt et vläit bessser smile
tormi 29.06.2023 - 14:31
Oh, nee, dann riffs du den Botaniker an mier, mat deem ass net gudd Kiichten iessen closed_eye
Nicon07 29.06.2023 - 15:41
Do gëtt et jo awer nach vill aaner wäiss Bléien, déi a Fro kommen. Fir lo keen hei ze verätonguepelen: et gëtt ee jo mëll an der Biir, wann ee séch an d'Käschte geheit fir datt et nit zu enger Schnéiball-Schluecht kënnt. bigsmile
tormi 29.06.2023 - 21:44
ooh, des calembours faciles, den Goscinny wier begeeschtert closed_eye
Nicon07 29.06.2023 - 21:52
Als pädagogeschen "dem Molière séng Sprooch" Vermëttlenden sin ech soss näischt gewinnt, wéi mat de Wieder an hire villschichtege Bedeitungen ze jongléieren.

Freet méch, wann dat dir gefällt. closed_eye
gemu 30.06.2023 - 08:56
Herrlech!
Nicon07 29.06.2023 - 11:57
Do feelt awer dat Wichtegst op der Foto, een Zuch. Am beschten ee laange Güterzuch. closed_eye bigsmile
gemu 29.06.2023 - 13:53
Am beschten nach mat Holz gelueden fir de Wood-Effekt ze verstärken bigsmile
Nicon07 29.06.2023 - 14:13
Dat huet dach näischt mat Holz ze din. Dee Mann, no deem denn Effekt benannt ass, heescht Wood. (Dat hun ech mir och misse sou erkläre loossen).

Ech weess, awer, datt et dir hei ëm d'Wuertspill gaangen ass. closed_eye
gemu 30.06.2023 - 08:55
smile
wuff 29.06.2023 - 19:41
Imens flott Perspektive
gemu 30.06.2023 - 08:54
Merci Mike
Paul-H 03.07.2023 - 00:19
Gratuléieren zur WF.
gemu 03.07.2023 - 09:09
Merci Paul
tormi 03.07.2023 - 05:29
Gratulatioun fier d'WF
gemu 03.07.2023 - 09:09
Merci Tom
wuff 03.07.2023 - 05:31
Gratulatioun
gemu 03.07.2023 - 09:09
Merci Mike
Nicon07 03.07.2023 - 07:51
Gratulatioun!
gemu 03.07.2023 - 09:09
Merci Nico
suraki 04.07.2023 - 18:51
An och hei ass alles gesot ginn ... gefält mer super.
gemu 04.07.2023 - 21:08
Merci Edy

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 498 Gäscht online