Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Mam Wes Anderson...

 
All Fotoen an dëser Serie:
48158 Thumbnail
48159 Thumbnail
48160 Thumbnail
48161 Thumbnail
48163 Thumbnail
Mam Wes Anderson...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.06.2023
  • Gekuckt:
    4810
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Originaldatum:
    Abrëll 2023
  • Fotoapparat:
    Nikon S2
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92636]
Kommentar vum Fotograf:
... duerch d'Stad.

Film: Kodak Vision 3
tormi 16.06.2023 - 22:00
Den Karussell ass exzellent, d'Gemengenhaus huet nawel vill Pawee, chic Serie, woubei ech d'Nummer drei net localiseieren kann
Nicon07 17.06.2023 - 08:12
Nummer 3 ass op der Areler Strooss vis-à-vis vun der aaler Pompjeesksär.
Paul-H 17.06.2023 - 00:19
Déi lescht hätt ech ennen geschnidden, z.B. 16:9, do ass einfach zevill Beton drop. De Karussell ass gudd gin.
Nicon07 17.06.2023 - 08:11
Dat ass eng Iddi. Mais dat kënnt wahrscheinléch dohir, datt de 2.5cm Sucher fir op de Blëtzschung a Kombinatioun mat méngem Brëll de Paralaxefeeler net onbedingt kompenséiert huet. Dat war deen éischte Film, deen ech mat där Kombinatioun an deem Objektiv zum Deel fotograféiert hun. Lo weess ech dat fir di aaner Kéieren.
Paul-H 17.06.2023 - 13:04
Gudd, me du hues se jo am digitalen an kéins se um PC an den 16:9 croppen, nee ?
Meng DLSR kann (am Géigensaatz zum Iphone) och och keen 16:9 mee meeschtens (ech denken och net emmer drun) cadréieren ech schon beim fotograféieren grouss genuch fir dass ech eben kann drun schneiden goen ouni dass d'Motiv drenner leid. Daat Format ass mäin Favorit, enner aanerem och well ech vill an Concoursen areechen an d'Juroren se meeschtens op enger 16:9 Telé kucken, sou ass dann d'Foto "fromatfëllend".
Nicon07 17.06.2023 - 21:11
Ech maachen dat och. Gëff mir eng Chance! closed_eye
Nicon07 17.06.2023 - 21:53
Voilà, Paul! Do ass se dann am 16:9. Mais et ass awer nach vill Beton drop. Ech loossen d'K.I. ee Sprangbuer duer rechnen. closed_eye
Paul-H 18.06.2023 - 13:20
Jo, stemmt, nach vill beton. Vleit häss de d'Kamera awer missen e bessen méi héich haalen. Mais bon, keen Weltennergang.
gemu 17.06.2023 - 12:40
Ech gin der Recht mam Cadrage vun der läschter, mee wann ze vill Betong drop ass, dann ass daat wëll zevill Beton do ass virum Stadhaus. Fréier wor do mol e flotte Sprangbuer wou mir als Kanner um Oktavmäertchen eis Sprëtzrevolveren mat Waasser gefëllt hun an déi mer dann den Daag drop vum Schoulmeeschter am Klassesall ofgeholl kruten bigsmile
Paul-H 17.06.2023 - 12:57
Absolut, wier do nach eng Sprangbuer am Virdergrond dann wier daat eppes anneschters.
Nicon07 17.06.2023 - 21:11
bigsmile
gemu 17.06.2023 - 12:41
Di 3. gefällt mer excellent, faarwlech an interessant Gebäier am HG
Zora 22.06.2023 - 15:25
Ahhh en Karrussel, flott smile
Nicon07 22.06.2023 - 18:18
Hoffentléch déint et dir elo nit wéinst all deene knallege Faarwen. Du bass jo éischter allergesch op souter, gedu?! smile
Zora 23.06.2023 - 16:41
Daat ass jo just bei mengen Fotoen, jiddereen sein Gout closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 446 Gäscht online