Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Um Kierchbierg

Um Kierchbierg
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.01.2023
  • Gekuckt:
    11244
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    30/1 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    28 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1500x1000
  • Späicherplaz:
    1681 KB
  • Originaldatum:
    2023:01:19 18:43:07
  • Fotoapparat:
    Canon EOS R5
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92457]
Kommentar vum Fotograf:
ganz hannen am Eck
Nicon07 01.02.2023 - 19:57
Deen Eck do fuerdert d'Fotografen raus. Hei hues du déi Erausfuerderung nawell gutt gemeeschtert. Di Foto sprécht méch u, wéinst där Andeelung an ënnen quasi perfekt symmetresch an uewen strukturéierte Chaos. Déi Linnen, Flächen, Liichtpunkten an dat diffust "Geschaims" am Himmel, dat kribbelt de Bléck, deen séch net sat ka kucken. Den Effekt gëtt nach verstärkt oduerch, datt et eng Nuetsopnam ass.
tormi 02.02.2023 - 07:49
Et ass eng Art "Bermuda-Drei-Eck". Des geometresch Form trëtt duerchgehend an dëser Vue op.

Op allen Fall merci fier dein Kommentar, freet mech wann se gefällt. Lo wou ech den Eck kennen, wärt ech secher nach emol dohin pilgeren. Do sin e puer Punkten (Symetrie, Ausriichten, d'Plaatz kieren, ...) dei ech nach optimeieren well.

ech war virdrun nach net do...wou een Fotoapparat een iwerall hinbrengt ... closed_eye
Nicon07 02.02.2023 - 12:21
Do war ech schon dacks. Ech weise just nit all Foto hei, déi ech schon do gemaach hun. smile Do hues du da fir di näxt Joerzingte genuch ze entdecken! Vill Spaass! closed_eye
tormi 02.02.2023 - 15:43
nee, ass kloer, net alles kann hei gewisen gin. Spillen geet allerdengs ëmmer smile
Nicon07 06.02.2023 - 14:42
Gutt geschafft! smile
tormi 06.02.2023 - 15:20
Merci Nico
Paul-H 04.02.2023 - 19:41
Eng staark Nuetsfoto, och wann e bëssen "stürzende Linien" dran sin.
Nicon07 04.02.2023 - 20:23
Fréier huet kee séch un deene Line gestéiert, awer haut, mat PS an LR, wou een dat "redresséiere" kann, fënnt een déi schreckléch. Mais wat soll een do maachen? "Fuddelen" a séng Fotoen opriichten (ech maachen dat konsequent, och wann et nit ëmmer riicht geet closed_eye ) oder zu den Eeegenaarte vum Objektiv stoen? Hei stéiere méch di Linnen eigentléch manner, well se duerch d'Linnen am Dräieck um Buedem "kompenséiert" gin.

Mais datt et eng "staark Nuetsfoto" ass, dat ënnerschreiwen ech mat zwou Hänn.
Paul-H 04.02.2023 - 21:07
Nico, fréier ass net haut. Ech sen zwar och der Meenung dass net alles waat technesch méiglech ass och automatesch gudd ass, mee bei den stürtzenden Linien schon. Daat ass dach keen Gefuddels wann eng Foto sou ausgesäit wei et vun den Aan gesin gett.
Nicon07 05.02.2023 - 09:16
Genee dat wollt ech jo och a méngem Kommentar soen. Woubei: wat d'Aa gesäit a wat eis d'Gehiir doraus mat séngem Erfarungswerter zesummebaut fir eis Wahrnehmung, dat ass och nach à discuter. closed_eye Mais dat geet elo hei ze wäit. Hei geet et ëm Fotografie an nit Neurologie. smile
Paul-H 04.02.2023 - 22:17
Daat mat den Linen am Dräieck ass jo awer normal, déi sin jo an der Mëtt. Daat huet dach näischt mat kompenséieren ze din.
Nicon07 05.02.2023 - 09:12
Ech wollt domadder soen, datt engem séng Opmierksamkeet op d'Dräieck um Buedem déi stiirzend Linne vergiessen deet. smile
tormi 05.02.2023 - 10:02
Problemer hun ech am meechten mat dem Melia an dem Lift. Dei kreien ech net gleich riicht gestallt, wann daat eent engerjermoossen paast ass daat aanert net mei gudd. Ausserdeem faalen den Convention Center an daat Gebei lenks hannert der Philharmonie souwisou no lenks. Waat en Ausriichten vum Lift an dem Melia (also "richteg" schief setzen) weinst den optriedenden Verzerrungen onmeiglech mecht (also ech muss do Rauten wenken...)
No villem Gepiddels mat dem vertikal Kneppchen hun ech mech entscheed fier se esou ze loossen. Mä, wei ech schon ugedeit hun, gin ech dei do nach emol probeieren.

Merci fier dei ureegend Diskussioun an ären Interessi un der Foto
Paul-H 05.02.2023 - 14:00
Jo, je no Gebeier an Perspektiv kann een do mol verzeifelen. An dann ass et wirklech besser et léist een se wéi se ass. Meng Remarque ass net als Kritik ze verstoen gewiescht, just als Feststellung.
Paul-H 05.02.2023 - 13:57
Daat stemmt schon, jo. Vleicht hun ech mech einfach zevill op d'Säiten konzentréiert.
Nicon07 05.02.2023 - 14:13
Nee, nee, Paul. Déng Remarque ass pertinent a richteg. Dofir ass jo dee Site hei do an éischter Linn: fir iwwer Fotoen ze diskutéieren a verschidde Meenungen dozou an ee konstruktiven Dialog ze setzen.

Wat jo lo hei geschitt!
Paul-H 05.02.2023 - 17:37
Mol rem eng Kéier, jo closed_eye
tormi 05.02.2023 - 18:14
"fir iwwer Fotoen ze diskutéieren a verschidde Meenungen dozou an ee konstruktiven Dialog ze setzen"

mei schein hätt ech daat net kennen soen closed_eye
Paul-H 06.02.2023 - 00:16
Gratuléieren zur WF!
tormi 06.02.2023 - 07:21
Merci %uD83D%uDE0A
Paul-H 06.02.2023 - 12:17
De Merci kréien ech nach gelies..... smile
Ass gär geschidd.
tormi 06.02.2023 - 12:53
oh mei, daat sollt en ganz einfachen smiley sin, sou een wei's du do och een hues, waat Saachen ... mein Handy huet dei Formel zum Beschten gin
Paul-H 06.02.2023 - 15:03
Tjo, desen Site verdréit keng smilyien vun den Handys, ech hun mäin manuel agin mat Doppelpunkt Strech Klammer zou.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 381 Gäscht online