Zugläich och een Test vum Cinestill 400D, engem neie Film vu Cinestill vu 400 ISO. Dat ass ee Kodak Vision 3 Kinofilm. ouni Remjet an ouni Antihalo-Schicht.
Daat ass wierklech eng cool Serie! Ech muss soen dass ech bis dato denen sougenannten Experimentalfilmer zu denen ech och d'Cinéfilmer ziëlen skeptesch gegeniwer stoung, mais elo kommen ech an d'Grübelen... Vielläicht soll ech mer och eng Nikon S2 zouléen? Wéi ass de Viseur? Besser oder selwescht wéi bei der Kiev 2,3 oder 4?
Zu de Cinefilmer: De LeeLee huet mir bei seénger läschter Fotoserie aus dem Schnéi geäntwert, datt de Kodak Vision 3 zimmléch sécher de Portra ass an deemno gemengt, da kéint een och deen huelen.
Do ass dee ganze Kierchbierg eng fotografesch Spillwiss. Do gëtt et op Schratt an Tratt nei Vuen. Mais et sin awer och iwwerall Kameraen, déi ee filme, wann ee knipst. Besonnesch am EU-Véierel!