Spillt dat lo eng Roll? Ghostwriting oder eppes vun engem "nègre" schreiwe loossen, ass dach och nach haut gang und gäbe.
Mais dat gesot: Onrecht hues du jo awer net. Ganz béis Zonge behaapte suguer, dee Mann wier et sou als Auteur ni gin. Sollen aanerer séch doriwwer de Kapp zerbriechen. Déi Wierker, déi mir ënnert deem Numm do iwwerliwwert krute, si Weltliteratur, dat geet duer. Am Fong kéint den Auteur Niewesaach sin, well et ass net onbedingt, datt een Auteur een Numm huet, datt all séng Wierker automatesch gutt sin.
A keen Enn a Siicht, wéi et ausgesäit bass du réischt an der Mëtt vum Buch ukomm an et wäerd leider nach eng Zäit vergoen bis du an dengem Beruf daat Buch kanns zoumachen. Daat eenzegt waat bleiwt ass de Brëll fir en Moment néier léen an e flott Bild inszenéieren fir bei a mat "all of these" op aaner Gedanken ze kommen. Gut gemach Nico, souwuel an de Pre- a besonnesch an der Postproduktioun am darkroom.
Och wann ech dem Willy sénger Sprooch lo manner mächteg sin faute d'exercice, mais dofir awer dann dem Ronsard an dem Baudelaire séng Sonets éischter kennen, ass d'Essenz vun déngem Kommentar awer voll getraff.