Kommentar vum Fotograf:
Op der Plage bei Santec (net wäit weg vu Roscoff) tummele séch Waassersportler mat am Bléck d'Île de Batz um Horizont. Wann d'Sonn am spéiden Nomëtteg schon déif steet Enn August, da kritt d'Mier an der Bretagne scho bal Allüre vun der Karibik.