Merci fir de Link Jean-Jos, ech hätt allerdings selwer kënnen drop kommen ze googelen
Ech hu nach esou eng vague Errënnerung als klenge Knilch un déi Schwëmm, ech haat allerdëngs komplett vergiëss dass de Numm dohier kënnt...
Fir Nët-Staater ass dat ganz interessant, wat een do ka gewuer gin. Wéi ee profant gebei enger ganzer Plaz een Numm ka gin. Dat ass jo da bal tselwécht, wéi di Geschicht vum "läschte Steiwer", deem Bistro zu Bouneweg, wou d'Baueren um Wee fir heem jo anscheinend hire läschten Dibbelche ausgin hun...
Mir hun dofir an eise Lëmmelsjoeren "de läschte Steiwen" gesoot...
Un e Bistro kann ech mech zwar nët errënneren awer op dem lieu-dit war een Elektrogeschäft (de Numm ass mer entfall), uewenopp haaten se massëg elektronesch Baudéeler, é Paradis fir Léitkolwenartisten.
Ech ka méch och un dat Geschäft erënneren. Do hun ech méng éischt Kombi-Stereosanlag (Plakkespiller, Kassetterecorder a Radio vu Graetz kritt, wéi ech 15 Joer hat. Mäi Papp ass deemols vu Miersch aus quasi all d'Electroménager an Hifi-Gedéngels dohinner kaafe gaang. Hie war ee deemols ee Fan vun Braun, ITT Schaub-Lorenz an all déi Artikelen aus "deutscher Qualitäit"...
Dat mam Bistro weess ech, well méng Grousstatta Marguerite zu Bouneweech gewunnt huet, an hire Mann mir di Geschichten do aus der Staat vu "fréier" wéi mat enger Gebietsmillen erzielt huet... Jo, an de 70er gouf et och scho "fréier"...
Streetfotography @ Luxembourg-City, eendeiteg d'Handschrëft vum Jaycee. Di knackeg Kontraster an di Schärft vun de Fotoe faszinéiert méch. Dat motivéiert méch. fir och eemol mat ménger Pentax 6X7 duer ze goen.
Well deng Pentax een heftegen Spigelschlaag huet wär ee Stativ nët schlecht, oder zumindest den MLU aktivéieren oder awer ee 400er Film de schaarf ass a nët vill Grain huet wéi den Ilford Delta 400 oder de Kodak TMax 400.
O mei! Niewent deem Apparat vu 5 Kilo och nach ee Stativ vun engem Zingtel-Zenner matschleefen, just fir datt ee keng Onschärft kritt wéinst dem Spigelschlag...
Ech hu scho Fotoe mat 1/60tel gemaach domadder ouni datt et elo opfällt, datt de Spigel den Apparat durchrëselt, mais bon: wou s du recht hues, hues de recht... et ass schon impressionnant, wann dat déngem do "explodéiert"...
Am Moment sin ech am gaange, méng HP5 plus aus dem Wanter ze verknipsen. Ech muss soen, dee Labo, wou ech bis elo nach d'MF Filmer entwéckele loosse, mécht dat och zimmléch fräi vu Grain. Ech weess net, wéi een Entwéckler si huelen, mais op alle Fall ass et een "doucen".
Wann deng Negativen "douce" entwëckelt sin, da géif ech eng vu mengen Mamiyaen géint deng Lubitel wetten, dass däi Labo Kodak X-Tol benotzt, oder D-76, ech tippen awer éischter op X-tol...
Déi schaffe bestëmmt mat Kodak, well d'Pochetten, an deenen se d'Negativer zréckschécken, maache Reklamm fir déi Marque.
A propos Lubitel: ech hu gëschter mol neess eng Kéier ee Film mat där verknipst. Déi Kéier huet dee séch net verhakt an de Filmtransport war impecc, sou datt ech, ausser vläicht Geeschterliichter, keng onfräi wëlleg Duebelbeliichtunge kréien...
Ech muss emol d'Negativen vu menger Lubitel 2 erëmfannen. Soweit ech mech errënneren haat ech keng technesch Problemer damet, ech hun se no relativ kuerzer Zäit verkaaf, well se mer ze vill primitiv am Handling an d'optesch Leeschtung ze vill bescheiden war... stay tuned.
Ech Idiot hat gemengt, missen ee Lomography-Film an d%u2019Pentax ze maachen, an elo hun ech de Misère: Dee Film huet beim Transport blockéiert, an elo ass dréit dat Stéck, wat d%u2019Spull weiderdréine soll uun der Kierp net mi matt, an ech kréie kee Film méi an d%u2019Pentax agespaant. Bon, ech hu gelies, datt dat een heefege Problem bei deene Këschten ass, an awer, no 5 verknipste Filmer an nom erfollechräichen test vun engem 2. Objektiv da schon dat Ganzt an ee SAV schécke mussen oder pensionnéieren, nujee%u2026 ech hat mir dat aanescht virgestallt%u2026
Daat ass de Problem bei Vintage Aparilloen, you never know what happens next. Ech mengen zwar bei dene Präiser déi haut fir en 6X7 opgeruff gin, rentéiert en SAV sech. Ech hu viru kuerzem eng KIEV 60TTL aus Italien kaaf, gesäit neiwerteg an ongebraucht aus an huet nët méi kascht wéi e Grap voll Lomo-Filmer. Beim éischte Film huet é Bild um aaneren gehaangen. Mat e bëssen méi enger dëcker Filmspul vu Foma hun ech de Problem deelweis behuewe kruut. Den Oofstand ass elo 3-4mm waat nach ze knapp ass, dofir kréien ech 13 Biller op é Film an nët 12 wéi ët bei enger 6x6 üblech ass. De Verschluss funktionéiert nëmmen zouverléisslech wannns den en mat engem kräftegen Schwong ouni Ënnerbriëchung durchzitts. Ech ka bis elo mat dene Macken liëwen a mat Zeiss Jena Objektiver déi och nët vill kaschten, brauch den Aparillo sech nët virun méi "edelen" Maniglias ze verstoppen
Ech hu lo mol beim Revendeur nogefrot an deen huet mir geaentwert, ech soll hinne se schecken. Den Techniker vun hirem SAV tippt op deen Defekt am Mathuelriedchen. De Pak fir se ze verschecken ass scho faerdeg a brauch just nach an d Post gedroen ze gin. Ech loossen se op alle Fall flecken.
Di KIEV si souwisou ganz speziell Apparilloen. Mir hun der jo zwee oder drai an der Schoul, wou och ganz interessant Biller aus der Ennerwelt oder dem Jenseits fabrizeieren.
Wann ët nët méi ass, da kënns de jo nach mat engem bloen Aan dervun...
Wéi eng KIEV hut dir an der Schoul? Eng Contax Kopie wéi di hei Spy Hook
oder eng vun hiren SLRen?
Meng Sixty huet bis elo nach keen Ennerwelt- oder Jenseitsbild fabrizéiert, an wann daat eng Kéier de Fall soll sin, da schëcken ech se heihin: https://araxfoto.com/repairing/