Ech war immens frou, datt den Z7 mat där Luucht an de Kontraster sou gudd eenz gin ass. Well ech weess net, ob ech mat der D750 oder enger aanerer vu méngen Nikon DSLR dat sou propper hikritt hätt.
Staark Luucht, an intressanten a krasse Géigesaz zum bloelzege kaal wierkendem Schnéi, an en plus ass d'Clôture wou gekonnt an d'Bild féiert nach dee klengen Tëρρelchen um I
Soulaang dat Ganzt moderat ausgeféiert gëtt an eng Verbesserung am Bild ausmécht, an en plus och nach natierlech ausgesäit ass dat dach ganz OK.
PS: ...souguer den Adams huet sengerzäit scho praktesch bei ALL senge Biller d'Tounwärter ugepasst, besonnesch bei sengem wuel bekanntste Wierk
Dat ass korrekt! Ouni dat geet et jo souwisou net an der Konscht. Wéini ass schon eng Foto out of the box sou, wéi se soll si, fir datt se engem als "natirléch" firkënnt?