nja .. zvill gewoot geiff'ch et net nennen .. geseid en jo neicht an dm senn ..
hei gefällt mer den gesichtsausdrock iergendswei net mi sou =/ geseid su ugespannt aus .. bessi skeptesch sou ..
séng roud neel stéiren mech perséinlech och bessi .. well déi roud sin .. an soss neicht am bild roud as .. jo as nemmn en klengt detail ..
lo hun'ch rausfonnt wat den komeschen bloen fläck as en ouerrang oder ?
dat mat da bidden an dem mellechzuzzi fannen ech schéin .. och di blummeblieder .. dat as flott
wan d'sandra bessi mi entspannt géiff kuckn waer se rem top
ech perséinlech hun e probleem mat senger ketten .. di net su direkt and bild passt .. an den piercing am ouer .. mee jo wies de sess as geschmackssaach .. do mescht jidderen wi en denkt
ech stemmen deem alles hei ennendrenner zou!
ech kann na neg keier nemmen wow soen! wonnerschein foto an top realiseiert!!
di aaner gefàllt mer awer trotzdeem eng gretz besser!
an et wier wieklesch intressant sou eng kategorie opzemaan!
(p.8)
flott idee me stemmen dem klengefierkel zou also mat der ketten hun ech kee problem me awer de piercing am ouer fannen ech schued well de passt net ant bild fannen ech me egal du geseis et jo vleit anescht
Hey Lex flott dass de mol rem eppes roplueds! an dann direckt soueppes --> Supär;)
D'bleien fannen ech passen hei tiptop,och farflech!
Hätt et och beser fond ouni Ketten an piercing!
An seng lenks scheller fannen ech besen ze donkel mee daat kann och sinn well een dei aaner scheller net ganz geseit well dei am mellechwaaser ass
Hoffen dat war lo net zevill krittik:-/
Fannen d'foto nehmlech trotz deenen kleng saachen tip top an kritt dofier och eng 9 fun mier
Ps:Freen mech schon wan deng Hp ferdeg ass an ech kann och all deng aaner wierker gesinn
Jo, hun emmer just komentaren oofgin, an haat loscht der mol engkéier selwer rem ze kréien
Mat der Ketten wees ech selwer net, fannen lo net dat se mech stéiert, soss hätt ech et gesoot iert ech d'Foto gemat hätt... mee géif mech awer lo nawell och intresséiren wéi et ouni géif äusgesinn :S hmm, dann ass daat fir d'next kéier
Merci fir dài Kommentar! An d'HP ass haut schon rem en stécksche weiderkomm
di as super! (erenert mech mat de blummeblieder un iergenden film, hm wes awa nemi weieen, egal)
get daat mat der kategorie net bessi zevill komplizeiert?? well fotoen wou et derwert sin - daat beweist jo des foto- gi jo och sou akzepteiert. wann herno awer rem 1millioun-mol "daat nemlecht" (am gringen,bloen movgetepelten (as jo nie daat nemlecht) kent [wi "hen a kaatzen"], da get et langweilesch an dann sin der och bestemt rem derbai dei net su "stylvoll" sin ) hmm...
kuerz: all prospekt fir des foto
Merci annemie lo wous du an den elmuzo et soen, d'ass effektiv su eng szene an deem Film, mee haat awa lo net doru geduet wu ech di iddi haat... a wann ee genee kuckt ass och vill aanres drop...
Där hut dat net verstaanen, dat sin di eischt Photoen vum klex sengem neien Film 'Luxembourg Beauty'. D'Ketten an de Piercing spillen eng zentral Roll am Plot vum Film, sin also evident net ewech ze denken. ...am d'Mellech ass vun der Lux... , een vun den Haaptproduzenten. Nemmen gudd, klex.
Foto unsech gefällt mer ganz gudd, daat eenzecht waat mech en besschen steiert ass den gesiichtsausdrock vum Sandra, ech hunn iegentwei impressioun wei wann et besschen gelangweilt kuckt. Mee sos fannen ech se ganz gelongen.
Hmmmm.... hai feelt mer iergentwei den wow effekt... bon natierlec... et reizt d'foto... mee mei o net... et ass eng foto wei een se oft gesait... ass also nix neues... also lex... wou war deng fantasie?
Nja... trotz alle dem, ass et trotzdeem eng gudd foto... du hues eng idee iwerholl (oder och selwa d'idee gehaat) an och gudd emgesaat... et gesait net belleg aus...
Hmm... ej wees net... do muss o na eppes erausstiechen.... ech hätt vllt na eng eenzeg blei (d: Blüte) dra gemaa, dei vllt schwaaz oder roud ass... daat ass dann schonmol bessen besser an mengen aan...
wonnerbar, ganz a guer nett méng richtung, och wann ech ee faible fier sou saachen hun, mais bon ech hu mech nach nett getraut!
egal ech fannen se eben super, déi flott joffer gett trotz hierem hellen teint trotzdem nach ee gudde kontrast zu dem buedwaasser! d' bléien am waasser gin den extra-kick, zemools well se giel an nett roud sin ( daat wär mir ze stereotyp ! ). blo bléien wär och interessant gewierscht, obwuel daat wären vläicht ze kaal fueren gewierscht!
roud waer dach langweilech!! hmmm...next keier liesen ech als eischt alles an dann äntwren ech alles an allem ) mee d'fuerw vun den bleien fannen ech cool...wierkungsvoll mee net opdränglech...jops...
ech well net soen dass roud langweileg wier, mee sou weis du d'foto geholl hues passt giel besser flaicht hängt daat och mam faarwtoun vum model senger haut zesummen.
ma déi hu mer gäer...
knaps ugemellt, a scho maulen...
also et wier fair, wanns de wéinstens eis an dem klex giffs verroden wat dann hei net gudd ausgesäit, a wat hei no photoshop ausgesäit. an et as wierklech net wéi wann ech drun zweifelen, mee wanns de déng seriösitéit mat 1-2 biller vun däer géings beweisen wier coh flott. soss wees ee jo guer net ob een dech eescht huele soll. wanns de der dem klex séng gallerie mol ukucks gesäis de jo awer dass en ee gewesen know-how huet, an amfong och ouni photoshop eenz gett...
salut..
hei si jo schon genuch kritike gefall, ouni dass een sech beschwéiert huet..
wats du gemach hues as och keng kritik. kritik gesäit anecht aus... (inspiréier dech bei anere kritiken)
sorry, wann ech bessi streiderech sin, mee ech hun et net an der rei fonnt WéI's de dech audrécks. kritik kann ee konstruktiv, an destruktiv man. déng kritik woar éischtens destruktiv an zweetens net berechtegt. an dénger kritik huet also nach eng begrënnung gefehlt. fläit gesin ech jo net gudd, oder fläit as mer eppes entgangen um bild wats du besser gesäis wéi ech. wann deem sou as: kee problem, firwat net? mee dann begrënn déng these, oder schreif einfach net.
ech hat emfong och net richteg verstan wats de domat mengs "Geseit mer vill ze vill no Photoshop aus" ech fannen net dass dat de fall as...
du kanns dem klex säin usernumm uklicken, an do kënns de op säi profil.