Schéin dat se nees a Betrieb geholl gin ass di aal Gevabox.E réusséierte comeback Den Ilford 3200 mecht sech gutt mat der Box. Mat vivil Iso hues de beliicht?
Vu datt ech selwer net entwéckelen, hun ech se engem Revendeur uvertraut, deem ech gesot hun, hie soll op de Bon de commandes schreiwen, ech wéilt e mat 1600ISO entwéckelt kréien. Ech hun awer keng Aanung, ob dat och sou gemaach gin ass. Egal, well ech hu souwisou just d'Negativer entwéckele gelooss, an deen hei war eigentléch zimmléch ënnerbeliicht. Ech hun dunn de Scan am Lightroom an am Photoshop "beliicht", bis datt ech dat hei Resultat hat, mat deem ech zefridde war.
Wat mengs du, soll ech dann an Zukubft maachen? De Film net an engem 08/15 Labo entwéckele loosse, mais bei engem Profi (ech weess, weens du mir do virschloe wärs), oder awer d'Postproduktioun mat LR a PS weider ze maachen?
Ech géing se bei engem Profi entwéckelen loossen, do hues de méi Matsprocheméiglechketen an du kanns och deng Wënsch äusseren.Dono kanns du nach deng Upassungen am LR machen wann et dann muss sin