..jo, et ass eng herrlech Platz, wou ech schon e puer Mol opgesicht hun, an an hei fir d'alleréischt an engem schéine Liicht ugetraff hun.
Merci fir däi Komentar Georges, a mecht freet et dat d'Bild dech usprécht..!!
...legendary stëmmt, ...d'Platz ass och zimlech cool, insgesamt ass de Séi awer net immens spektakulär. Bei dëser Opnahm huet d'Liicht gepasst, an en plus waren och nach e puer schéi Wolleken present.
Evident war sécherlech hei déi ganz déif Kamerapositioun wouduerch d'Fielsen am Waasser méi betount gouwen, an der Realitéit sin déi emol guer net esou massiv. Hei ronn 20min méi spéit, vill Wand, an demno Null Spigelung.
Big Thx fir däi Kommentar Oli..!!
Nach eng Kéier Merci Georges, mä losse mer bescheiden bleiwen.
Ech si selwer e bëssen iwwer de Succès hei iwwerrascht, an ech wollt dëst Bild a sech mol guer net weisen fir mech net ze widdehuelen, vu dat ech 2015 praktesch eng identesch Foto hei gewisen hun. D'Spigelung vum Matterhorn am Séi huet mech am Endeffekt dun awer dozou beweegt.