D'Foto ass tiptop gelong, et ass warscheinlech Zoufall dass se net onscharf gin ass, wann ech deng Astellungen kukken. Bei den ISO ass nach Spill no uewen fir bei esou enger Sportart op Nummer secher ze goen !
Dës Foto huet fir mech kee groussen Intérêt gewisen ze gin, et sief dann du wëlls bäiléieren a Kritik kréien. Mir gefällt nët: déi ofgeschnidde Käp uewen, datt ee vum Sportler séngem Gesiicht näischt gesäit datt an en total mëtteg plaçéiert ass. Ech denken, däi Resultat wär besser, wanns de anstatt den Tele ze benotzen eng méi kleng Brennwäit geholl häss, awer dofir méi no drun a méi engem niddrégem Standpunkt. Däi Fokus ass gutt.