Merci m-otiv, och fir deng Ureegung!
Hu just net ganz verstan waats de mat Intersectioun mengs.
De Waasserläfer wollt ech bewosst e bëssen an den Abseits placéieren, d'Refleten am Waasser si fir mech den Haaptsujet.
Den kuckt sech am Spigel. Wëss awer net richteg op en sech gefält, esou wéi hien Been ewechgestreckt huet ass en éischter entsat iwwert dat wat en gesäit.
Spigelung an't Kréngelen di duerch Waasserverdrängung entstinn, sinn ganz schéin gewisen Detailer! Och déi waarm an kal Tréin an deenen klengen Wellen gefalen mir hei ganz gutt!
Fantastesch mat deem metalleschem Reflet - stéiert mech hei guer net dass 1/3 Regel net befollegt gin as beim Wasserléefer. Den Haapt - eyecatcher ass den Reflet vum Wasser, vun do geet den Bléck erop. TOP
Merci fir deng Analys vum Bild an däi Fav.!
Et huet mech gefreet, datt s du de Cadrage esou gutt fënns. Regele brieche ka ganz spannend sinn ( an der Fotografie )!