also wann ech elo déi 2 Fotoen niewend eneen kucken, kéint een déi eng hannert den Kanapée an déi aaner hannert den Fernseh hänken,
zur Foto, immes Luut and Béa, super!!
L'automne martyre
qui brûle, Gennaro,
sa propre chandelle
sur une terre sèche
et tristement anonyme
pourrait annoncer
une saison grise
et froidement morose.
Eng schéin LB Gennaro!
Wat mer perseinlech net gefällt ass den Himmel, deen rauscht an et sin Flecken dran.
Probéier mol den Himmel ze entrauschen an dann eng Körnung dran ze machen:
Intensität: 2
Kontrast:50
Körnungsart: Standard
den Himmel wierkt dann méi homogeen an der Quali. (hun et probéiert)
Merci villmols... fir deng Suggestioun... Hun och eng Versioun mat engem Destruktureierter Textur vum
Himmel... D'Flecken sin drann wengste langer Pose... et sin d'wolleken dei zeien ... et ass och mool meiglech dass ech e puer flecken stoen geloos hun vum
Objektiv
Um Enn hunn ech mech fir des decideiert ...
Ohhh hun elo , wouste et sees nach e puer kleckser fond..
Et ass net aus der Toskan ... Mé aus mengen Abruzzen... op Zirka 1200 Meter heisch ... oder esouguer e puer mei... Et wooren herrlech Bille den ganzen Zäiten mé d'Sonn an d'Wolleken woren oft vill mei schnell ewei ech...
..flott Presentatioun a gudden Equiliber vu Liicht a Formen am Bild. Extra gutt gefällt mir awer de Verlaf vum ''duebelen'' Horizont wou sech iwwerschneit an douce anneneen veleeft. Herrlech..!!
Merci villmols for d'Remarque... et ass geanu dei Douceur dei ech sichen mat der LP an en plus gesinn ewei d'Zäit am Bils ze gesin ass ouni richteschen Bewegungsflou
Et huet zwar keen Sënn, awer muss een eng esou gutt Foto e sou en schéint Motiv e sou schlecht mat enger LB eigentlech weisen? Am Himmel ass keng Zeechnung ze gesinn. (Op blo oder gro ass dann och egal.) Dann huet eng laang Beliichtung dach eigentlech keen Sënn. Déi Foto wier wesentlech besser ouni Big Stopper. Hei ass dann just nach leider eng Pixel Zopp ze gesinn. Motiv Cadrage an Linnen sinn Top!
Ech soen dir merci ... et ass wuel dass sie dir net gefaellt ... Et wier wierklech eng ganz aner Foto ouni LP, de Sujet kritt eng ganz aner Konotatioun. Daat wor net meng Intentioun...
Se waer och flott gewiecht ouni LB mé , ewei gesoot ganz aneschters...