Flott kompo, flotte sw... Mee dei 2 gebaier verleieren sech am
Himmel an hun weinesch presenz... Oder villeicht net genuch... Mee do zielen ech ierbsen...
Merci gtaddei1, ech si frou iwwert deng éierlech Kommentarer! Nëmmen dat bréngt ee weider!
Zum Bild:
Di zwee Gebaier sinn net wierklech architektonesch attraktiv, et huet een d'Gefill datt hei nom Motto "méiglechts riicht a méiglechst héich" gebaut ginn ass. Ech hu versicht dëser relativer Monotonie duerch eng dynamesch Kontrastveraarbechtung entgéintzewierken. Mee dat schéngt jo net alles gerett ze hunn ...
Villmool Merci Conley, fir de Kommentar an de Fav.!
Ech hunn hei zwou identsch Laangzäitopname gemaach: eng normal beliicht ( 194 Sek. ) fir d'Gebäi gutt eraus ze kréien, eng ënnerbeliicht ( 81 Sek. ) fir den Himmel ausdrocksstaark ze hunn. Duerno war et just nach eng Saach vu Fusioun vun deenen zwee Clichéën.
Op déi Idee muss een emol kommen. Bei der Foto Le Château hat ech een IR an zwee ND Filteren drop fir den Himmel an't Waasser mat enger Foto hin ze kréin. Merci fir d'Erklärung jorsch!