Ka sin, mais dat Rauschen ass gewollt. Dat ass ee Filter, deen een analoge Film simuléiere soll.
An zum Langweilege Gro kann ech soen, datt et entweder un der Kalibratioun vu méngem Ecran läit oder awer u soss eppes, wat d'Durstellung bei dir aanescht mécht wi bei mir, mais ech gesin d'Foto awer eigentléch zimmléch korrekt kontrastéiert, mat alle Schattéierunge vu ganz schwarz an den hecke bis ganz wäiss an der façade vum Ibis-Hotel. Mais doriwwer wëll ech elo net streiden, dat ass genz sécher ee Problem, dee mir alleguerten hu, wa mir Fotosite kucken.
Ech sin awer ganz d'accord mat dir, wanns du mir sees, datt de Sujet langweileg ass. Mais och dat ass sou gewollt. Ech wëll domadder soen, datt ech am Moment an enger Schaafenskrise sin, an ech fotografesch fir méch eigentléch momentan näischt Aussergwéinléches méi fannen a mir alles als du déjà-vu virkënnt, an dofir hun ech dës Foto ropgelueden. OK, ech hätt et kéinten am Kommentar undeiten.
Egal wéi, ech soen dir Merci datts du déch fir méng Foto interesséiert hues a mmir déng Meenung dozou gesot hues. Dat hëlleft mir, fir vläicht neess méi motovéiert ze gin.
fier d'rasuchen okay daat ass vertrietbar wann een et express esou mecht
iergentwou feelt et un deem gewessen "et klaakt" effekt , sou dass d'foto iergentwei keen glanz huet an doduerch am "groo" versenkt, ech hun mer mol freiheet geholl se an den lightroom ze lueden , an do op "auto" tone ze klicken, get deem ganzen schon direkt rem en aaneren manner langweilegen touch. wans de elo nach eng kleng vignette dran mess doduerch gin d'gebeiher mei betount. an den himmel get zur bedrohlescher kuliss zu engem gebeih wou liicht .. ass meng usiicht du muss daat natierlech net genau esou gesin wei ech
Dach, ech gesin dat genau sou wéi's du, an, - du muss et net gleewen, mais et ass wouer - ech hun eng Vignette dra gemaach. Mais ech gleewen dir, datts du bei dir dat net sou gesäis. Ech hat dee problem schon am Ufank vu PG, datt di aaner op hire PC/Mac méng Fotoen aanescht gesin hu, wi ech op méngem Apple Cinema Display. Vläicht hun ech jo op der D7100 dee falsche Farfraum agestallt, a well ech d'Foto trotz Grostufen, farwech ofgespäichert hun, passt dat net bei jiderengem. Normalerweis fotograféieren ech jo och mat der D600, wou ech den sRGB als Farfraum definéiert hun. Et geet duer, datt ech den AdobeRGB op der D7100 agestallt hu, fir datt méng Fotoen online aanescht ausgesin wéi "inline". Ech kéint mol mat "save for web and devices" ofspäicheren, dat hëlleft vläicht eppes.
Also hun se elo mol op mengem calibreierten Eizo monitor gekuckt, an muss soen , gesait net besser aus wei op mengem mac , sorry. Mam faarwraum, geif ech enfach eng kopie maachen an se direkt als schwarz weiss oofspeicheren.