Et kann een net erausfannen opp déi Foto an den 50er, 60er Joeren oder eben 2012 geknippst gouf. Keng erkennbar Referenz un d'Joer 2012. Den typeschen London Taxi dréit vill zu der nostalgischer Stemmung bei.
et deet mer Leed dann elo hei eng richteg Kritik mussen un ze bréengen, ma den Himmel ass ze vill iwwerstrahlt an ouni Zeechnung. D'Aaen ginn vun deem wäisse Punkt ugezun a lenke komplett vum Conetnu oof.
Sorry.
Ass schon net falsch deng kritik, mais menger meenung no get bild doduerch schein gedeelt an et huet een direkt 2 sujeten dei sech eigentlech beweegen dran, lenks den mann an riets den taxi. an daat mecht bild fier mech richteg interessant.
lupus1701 et muss der net leed doen. Also ech wollt bei dëser Foto onbedéngt den Moment vun deem Typ deen aus dem Taxi eraus geklomm ass mam Taxi drop afänken. Et war zimlech staark Géigenzuch well d'Sonn houng schonn déif. Do gouf et fir mech dann nëmmen eng Léisung an dat war Spot-Beliichtungsmiessung op den Herr mam Mantel an hoffen dass den Recht net ze schlëmm Iwwerbeliicht ass. En Apparat mat souvill Dynamik fir den Himmel ze retten gëtt et mengen ech nach net. Ech hunn d'Foto duerno gekuckt an ech ginn nees genau sou geblennt wei an Wierklechkeet an dat fannen ech eben interessant well dat war jo mäin Ziel eng Erënnerung sou fest ze halen wei ech et deen Moment erlieft hunn.
Den iwwerstralten Himmel stéiert mech hei elo net esou, et huet een doduerch nach méi den Androck vun enger schneller Momentopnahm, enger Impressioun an der Hektik.
Eng cool Street Foto, matzen dran, gëtt mer e bëssen e London Feeling an et gesäit een d'Bewegung vun der Stad ouni dass eng Persoun eleng sech als Sujet opdrängt.
super street, eng Foto dei einfach emrappt, net well se en WoW Effekt huet, mais well een se eng Stonn kann kucken an nach emmer Sachen fennt an anescht gesait ... extrem Ausdrockstark ...