Eng schweier Architekturfoto. Dei Pente am "Tunnel" as net fierdeelhaft, an den Luuchtenmänni misst een ferm bei t'Ouren haan fier souepes krommes, onsymetresches gebastelt ze hun !
Mais dofier kanns du jo net. Dann zu deenen Sachen fier deis de kanns
Mier as vill ze vill "naischt" am Fiergronnt .... deen MacAdam as net kuckenswert, beim Pavé fänkt et un interessant ze gin. Dats de den Tuerm net an der Mett hues, leit wuel un de Luuchten, bon , lo kann een streiden waat elo mei wichteg as, t'Luuchten oder den Tuerm ... fier mech as et den Tuerm, also hätt ech eichter deen Zentreiert wei op t'Luchten an der symetrie ze puchen.
Waat mer guer net gefällt hei as t'Farftemperatur. Bon, jidereen deen Nuetsopnahmen mecht haasst se ... dei Orange Marsluuchten do ... ech och. Dat iergendwelch Schlaumeieren denken, se missten daat dann nach mat eiskaalen Strahleren ennermolen .... naja ... mais do kansn de am PS awer e bessen den Farfkontrast upassen dat et net mei sou wei deet an den Aan.
Ech geiff daat Motiv nach eng Keier zur bloer Stonn besichen, dann hues de mei en hellen himmel, an just wann t'Luuchten ugin, sin se net esou hell, resp du brauchs keng 60sec ze beliichten fier epes hell ze kreien, an den Daag dann nach am Himmel erseft.
Sin hei e bessen iwerrascht, well deng aaner Nuetsopnahmen mer vill besser gefall hun, dohier wollt ech der meng Mehnung net verheemlechen.
Meng puer Pefferkären. MbG
aha .. villmols merci .. dann flitt dei doen elo awer ! genau daat wollt ech heieren .. an dann waert der mech nuets erem do am eck fanen
dei luuten ronderem daat gebeih sin eng katastrophe ....