Nach engem aus engem schon méi alen Shooting. Kommen grad net oft derzou Fotoen ze maachen, dofir hunn ech vill Zäit Fotoen ze verschaffen. :)
Kritik ass wéi ëmmer wëllkomm.
Schreiwt erem keen eppes, tzzz, tzzz, mär gefält se gud, obwuel d'Meedchen en beschen mei hell keint sin, mä vläit wolst du daat jo och esou, ech fannen se huet eppes mysteriöses
Ech wollt u sech och méi Hellegkeet um Gesiicht, mee hunn et net an den Rescht vun der Beliichtung integréiert kritt, sou dat et nach no eppes ausgesinn huet. Merci vir d'Kritik.
Se ass schon sou donkel gewollt, mee den Problem ass ëmmer d'Duerstellung. Ech hunn se op mengen gudden Ecran verschafft, an do gesäit se ganz anescht aus, hei op mengem Laptop gefält se mer och net sou gutt. Vir sou Saachen misst een effektiv en kalibréierten Ecran an neutralen Hg hunn.
U sech waren d'Hoer zimlech hell, mee ech hunn se ofgedonkelt well d'Bild mer sou méi stëmmeg gewierkt huet. Ëmmer nees witzeg wéi d'Meenungen auserneen ginn.