Oh freck, also ech hun geschweest and mech weigedoen vum faalen (och wan een um bett land deed et den reck net gud sou heesch se faalen !) an war herno freckt wei eng mippi, ech hun sou vill mol mam selbstauleiser genkippst bis ech ENDLECH deen richetegen pose kritt hun
De moien sin ech erwescht mat dem aarm mega weih..wou mer kanner waren huet ni eps weigedoen, an elo..beweisst eis wirklech nemen dass mer aal gin an sou stunten nemei sollen ausprobeieren
Spektakuläer déng Galerie: d'Severine méi wéi 80 x an dat all Kéiers komplett anescht. Ech fannen déng Kreativitéit an däi Konzept staark!
Déi heiten ass mat däerer originellster an gutt gemacht.
Exzellent, Severine_,
däi Petz kuckt esou verwonnert dran,
dee geet bestëmmt méi fréi an d'Bett !
Blo Plazen krut deen awer keng,
huelen ech mol un.
An e Bonjour un hien.
hmmmm ... hun elo lang gezéckt fir daat ze schreiwen waat ech elo schreiwen ...
wann esouvill Leit dëss Foto exzellent an immens fannen ...
wisou léist se bei mir näischt extra'es aus??
wisou emol nët eng Grimmel??
daat gëtt mir einfach ze bedenken ...
Villaicht welste keng gefiller hues ? Du bass wirklech gud dran comments se schreiwen ouni fangerspetzegefill, wei en elefant am porzelains geschaeft Jade
"Villaicht welste keng gefiller hues ? Du bass wirklech gud dran comments se schreiwen ouni fangerspetzegefill, wei en elefant am porzelains geschaeft Jade "
jo, genau, ech mengen genau daat waert ët wuel sin ...
keng Gefiller, ouni Fangerspëtzengefill, Elefant, Porzelainsgeschäft ... passt nawell, zemols Elefant, dach, dach
Ok, gud se wessen daste dech selwer als elefant gesais. Ech gesin du wels elo staark an sarcastesch wirken. Wat ech net verstin bei dir ass firwats du dir sou vill mei mess den leit deng meenung an dgesiit se drecken ? Wanste mir net konkret kans soen wat ech un mengem fotoen kan verbesseren, an deng gefiller an wierder kans ausdrecken, dan brengen deng comments mir net vill. Ech hun keng loscht an keng zait op forums gestreitereien dei zu naischt gud sin. Bass du och op ahneren forumen ugemellt wouste am fong naischt domat se din hues (welste jo hei keng fotoen vun dir weiss), awer deng weessheeten zum beschten gess ?
Wanns du gutt lies, Severine, hun ech dir guer keng Kritik oofgin, weder positiv nach negativ.
Am Fong hun ech mech selwer gefroot firwaat esouvill Leit déi Foto esou exzellent fannen, an ech nët?
Mir gëtt ët ze bedenken, dass ech Saachen nët gesin, déi aanerer gesin ... méi war do nët an mengem Comment ze liesen.
Ech wees nët wisou, dass du esou reagéiers?
Ech gesin nët wou ech dech ungegraff oder verletzt hätt?
Wéi gesoot, ët war keng Kritik,
ët war eng Fro déi ech (mir) gestallt hun.
Dh:
Villäicht empfannen ech hei eben graad nët esou wéi all déi aaner, well ech keng Fotoen (wéi dir) machen, an dofir dann och nët wees wéivill Aarbecht derhannert stëcht? (obwuel daat fir mech nët onbedéngt een Kritère ass fir eng Foto gutt ze fannen)
Villäicht ass ët och einfach nëmmen well ech fir déi Foto keng "Antennen" hun?
Oder well ët schlussendlech einfach nëmmen eng affaire de goût ass?
ech wollt daat eben graad "fuerschen" ...
an och nach eppes:
wann ech dir, wéi all déi aaner, een positiven Comment geschriwwen hätt, häss du dann och vun mengen
"Comments ouni Fangerspëtzengefill",
"keng Gefiller hun",
"Weisheeten déi ech zum beschten gin"
"den Leit meng Meenung an d'Gesiicht drécken"
an vun mengen
"keng Fotoen op PG weisen" geschwaat? ........