Mam Bildopbau gin ech dir jo recht, awer a wéi enger Hisiicht gefaalen dir d'Farwen net? Vläciht ass mäin "aale" Samsung SyncMaster 204T jo schlecht kalibréiert, a wann dat sou ass, da so mir dat, datt ech en nei kalibréieren. Ech hu wiirkléch Problemer mat der Kalibratioun, dat ass elo ganz sérieux gefrot. An en plus kann ech schlecht vergläiche mat méngem MacBook Pro, well do jo ee Glas virdrun ass, an dee liicht souwisou méi saturéiert. Ech hun de Samsung schon x mol kalibréiert an ëmmer neess get d'Resultat aanescht, awer am fong ni gudd. A genee dowéinst wëll ech vun dir wëssen, wat genee déch un de Farwe stéiert.
Mir perséinlech feelt et u Kontrast, bleiwt alles bessen flaach...mee da kanns du och soen, den Himmel ass duerch d'Wolleken schon ganz wéiss an den Silo wäert an Réalitéit nitt méi knackeg ausgesinn
Sou gesin hues du och recht, mais, wann 's du et scho selwer undeits, da kann ech et jo och schreiwen: D'Sonn war net mi do, wéi ech d'Foto gemaach hun, an den Himmel kritt awer nach d'Sonn mat of. Effektiv wier et besse gewiescht, ech hätt nach eng Minutt geward, bis d'Sonn neess do gewiescht wier.