Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Band Promo

 
Band Promo
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.03.2010
  • Gekuckt:
    720216
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    31
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x500
  • Späicherplaz:
    329 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Misc
2. Kategorie: Events »» Concerten
Extras:
RingFlash an CS4

Fir anzesetzen: [pg_img=43854]
Kommentar vum Fotograf:
En Composite fir en Band shoot. Keeblitz wor och derbei ;)
gloda 21.03.2010 - 18:11
Design: Top. Bal. Well d'Schrëft uneneen as hun ech EVERWATTING gelies.
D'Compo as gudd. Den Ringlight an der Mëtt gefällt mer just net sou, well d'Beliichtung net op dat rondrëm passt. Vläicht en Strip lénks a riets en plus fir d'Säiten opzehellen, da wier dat Ganzt méi fléissend.
tomdi 21.03.2010 - 18:23
Merci smile
Den Logo ass vun hinnen, do hun ech neischt drun geännert.
Ech wees net waats de mam Ringlight wells soen, et sin 5 Fotoen dei alleguer mat eng Ringlight gebletzt gin sin.
gloda 21.03.2010 - 18:48
Just déi an der Mëtt huet den Ringlight frontal op d'Gesiit, bei den aneren as den Effekt anescht well se säitlech kucken.
tomdi 21.03.2010 - 19:46
ok, .. hun elo verstaanen waats de mengs.

Mee ech mengen waat ech den Ring emmer firun hinnen gehaat hätt dann wir den Schiert ze "tongueräsent" (dei 4 dei seitlech stinn)
mmphotos 21.03.2010 - 18:19
Gefällt mer vun der Compositioun och ganz gudd. Ech froen mech just grad ob et net fleit mei flott wär wann een richtegen Bokeh nordrecihlech dragesaat geif gin aplaatz vun deen Photoshop effekt...

P.S Hues du zoufälleg d'tutorial DVD vum Joey L. ?
tomdi 21.03.2010 - 18:24
Merci smile

Ech hun mech un engem Cover vun Monty Are I inspireiert. Sin geschter gewuer gin daat dei vum Joey L gemeet gin ass ... closed_eye
mmphotos 21.03.2010 - 18:27
Oksmile Well seng Tutorial DVD geif mech unsech interesseieren. Well se awer zimlech deier as wollt ech mer awer fleit als eicht mol vun engem soen loossen wei deen se fonnt huet. Haat lo gehofft bei dier wär et den fall. As ob all fall eng flott Foto gin.
tomdi 21.03.2010 - 18:36
Hun se awer duerno kruut, an d'idée fir dei 2t Foto ass dun dovunner komm. Eierlech gesoot ass se daat villt Geld net der wärt. Et ass neischt (Photoshop) derbei waats de net um Netz fenns, an Fotographesch hues de och net ganz vill dovunner.
suraki 21.03.2010 - 18:38
stark déi do !!
eng richteg gud Coverbild smile
shingo 21.03.2010 - 18:43
Wonnerbar Arbëscht!
Treverer 21.03.2010 - 18:50
schick!
Maxx 21.03.2010 - 19:09
Top, fannen ech super
m-otiv 21.03.2010 - 19:10
also kompo top, bea och, kënstlege Bokeh gefällt mir och...Montage fannen Ech ganz gudd (zemools deen matt de krauselen ganz riets, bestemmt komplizéiert deen proper erauszeschneiden) Beim 2ten vun Riets sin d'Hoer e bessi ze hèll an erem net esou goud détouréiert. Ech géif do mam dodge Tool oder matt engem Brush (selwecht faarw wéi d'Hoer matt opacity op 50% oder méi) eng kéier ronderem fueren fier deen "glow" do lass ze gin. Waat Ech och oft maachen: select>modify> contract> 1 oder 2 pixel ; dann invert selection > gaussian blur ...
Esou kriss du e blur op just 1 oder 2 pixels vum kontuer an et gesait manner no Kollaag aus
tomdi 21.03.2010 - 19:38
merci fir den tip, .. probeiren daat mol closed_eye
annemie 21.03.2010 - 19:35
Bildopbau ansou gefällt mer.
Mee waat sollen all dei Kreesser?? also... ok deko ansou... mee daat fannen ech iergendwei komesch an enger Bandfoto sorry =/
Oder ech keint mer et aawer na op enger sait viirstellen xD (dann as et net su voll dervunn an as awer eps extraes...)

Hm dei aaner gefällt mer einfach besser bigsmile
Gudden timing sou virum metal battle... closed_eye *hihi*
tomdi 21.03.2010 - 19:36
smile huet awer neischt mam Metal Battle ze dinn. Mir sollten dei schon mei laang maachen. Huet sech halt esou ergin.

Kreesser, ... do stecht neischt spezielles dohannert closed_eye
tomdi 21.03.2010 - 19:39
Merci suraki, shingo, Treverer an Maxx
Chrissie 21.03.2010 - 21:22
aaah lo wees ech et bigsmile dei wuaren dach zu W : O : A? cool
dei heiten fannen ech awer besser wei dei aaner smile
tomdi 21.03.2010 - 21:59
WOA ??
Chrissie 22.03.2010 - 10:26
WACKEN bigsmile
tomdi 22.03.2010 - 15:03
ahhhhhhh, ....smile
n0kle 21.03.2010 - 21:56
flott smile ... just schued dass de einfach e wallpaper aus dem inet geholl hues als hannergrond
tomdi 21.03.2010 - 22:00
.
tomdi 21.03.2010 - 22:02
Nee ass vun engem Kenschtler (op Devianart), deem seng Erlabnis ech kruut.
n0kle 21.03.2010 - 23:16
daat wollt ech elo domadd amfong net a froo stellencool, sry falls daat elo sou eriwer komm as

mais hätt et halt mei interssant fonnt, wanns de da do na selwer eng iwerluecht häss smile
Gaga 22.03.2010 - 00:38
viiiiillll besser eben, wei gesoot !
tomdi 22.03.2010 - 05:33
smile Merci
Jeanny 22.03.2010 - 19:27
wonnerbar
tomdi 09.05.2010 - 12:16
Merci smile
YannisCapitani 06.05.2010 - 23:27
sauguddsmile
tomdi 09.05.2010 - 12:16
Merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 290 Gäscht online